
Dat deelt den nationale Statistikbüro Statec e Méindeg am Virfeld vum Weltfraendag e Mëttwoch mat. Deemno wier de sougenannten Gender-Pay-Gap an deem Joer fir d’éischte Kéier zum Virdeel vun de Fraen ausgeschloen, déi 0,2 Prozent méi verdéngt hätte wéi d’Männer. An der europäescher Moyenne verdéngen d’Männer knapp 13 Prozent méi wéi d’Fraen. 2006 hunn d’Männer zu Lëtzebuerg nach 11 Prozent méi verdéngt wéi d’Fraen.
Wéi de Statec schreift, huet deen Indicateur awer seng Limitten. Et gëtt just de Stonneloun gekuckt, wann een d’Joresakommes kuckt, wieren d’Männer awer nach ëmmer bevirdeelegt. Et gëtt och net gekuckt, ob ee fir déi selwecht Aarbecht d’selwecht bezuelt gëtt, ma just d’Moyenne. An d’Deelzäitaarbecht gëtt net consideréiert. Wann een dat mat a Betruecht zitt, verdéngen d’Männer nach ëmmer däitlech méi wéi d’Fraen zu Lëtzebuerg, sträicht de Statec ervir.
RTL-Faktencheck: Verdénge Fraen ëmmer nach manner wéi Männer?