Beim Debat iwwert den Tripartite-Accord ass et en Dënschdeg an der Chamber héich hir gaangen.

D'Deputéiert vun Déi Lénk Myriam Cecchetti muss mat kengen disziplinaresche Konsequenze rechnen, nodeems si dem LSAP-Vertrieder Dan Kersch op der Chamber-Tribün de Mëttelfanger am Affekt gewisen hat.

De Chamberpresident Fernand Etgen wëll awer allgemeng an der nächster Presidentekonferenz déi aner Woch iwwer d'Behuelreegelen an de respektvollen Ëmgang am héijen Haus schwätzen. Dat sot hien eis e Mëttwoch de Moien op Nofro hin. Den Tëschefall selwer hätt sech fir hien an och déi aner Deputéiert mat der Entschëllegung vum Myriam Cecchetti erleedegt.

Si hat ganz um Enn vun der ëffentlecher Sitzung nach emol d'Wuert gefrot, sech entschëllegt an erkläert, si hätt dee Geste esou net gemaach. Dës Entschëllegung gouf och direkt vum Dan Kersch ugeholl, dee si an hirer Interventioun ëmmer nees provozéiert hat. De Geste vum Myriam Cecchetti war weder den Deputéierten nach dem Chamberpresident direkt opgefall.

De Co-Spriecher vun déi Lénk Gary Diederich ënnerstëtzt iwwerdeems d'Myriam Cecchetti op de soziale Medien ënnert dem Motto "Ech si Myriam". Falls ee sech um internationale Fraendag géif froen, firwat sech net méi Frae politesch engagéieren, misst ee just dem Dan Kersch säin "frecht, iwwerhieflecht a respektloost Verhalen" ukucken.

Um Ufank vun der Plenarsëtzung um Krautmaart huet de Chamberpresident e Mëttwoch de Mëtten un all Deputéiert appelléiert, éier een eppes seet, z'iwwerleeën, wat ee seet. Et géing rout Linne ginn an him wier dru geleeën d'Bild vun der Chamber als Institutioun oprecht z'erhalen. Ëffentlech Sëtzungen dierften net degeneréieren.

Wat war geschitt?

E verbalen Austosch tëscht der Deputéierter vun Déi Lénk Myriam Ceccetti an dem LSAP-Deputéierten Dan Kersch war eskaléiert. D'Politikerin hat de Standpunkt vun hirer Partei zum Accord duergeluecht a war eigentlech schonn dobäi, mat hirer Ried opzehalen, gouf awer ëmmer nees vun Tëscheriff ënnerbrach.

Si hat ënner anerem d'Verhandlungsgeschéck vun de Gewerkschafte gelueft a sech zefridde gewisen, dass et net méi zu Manipulatiounen um Index-System komm wier, wéi nach beim éischte Solidaritéitspak.

Den Dan Kersch hat der Myriam Cecchetti dunn an engem Tëscheruff reprochéiert, dass hir Partei sech als eenzeg Ënnerstëtzerin vun de Gewerkschafte profiléiere géing, obwuel Si an der Chamber dacks de Géigendeel vun deem soe géif, wat d'Gewerkschafte fuerderen. Déi Deputéiert hat dëse Reproche vu sech gewisen. Ma den Dan Kersch wollt et net dobäi beloossen. Hien huet déi Deputéiert dozou opgefuerdert, op dat ze lauschteren, wat si selwer gesot hätt. Dat géif dovu kommen, wann ee seng Rieden net selwer schreiwe géif.

Well d'Myriam Cecchetti deen Ament um Enn vun hirer Riedner-Zäit ukomm war, hat de Chamberpresident Fernand Etgen si dozou opgefuerdert, d'Riedner-Pult ze verloossen. Si huet dat och gemaach, war awer esou rosen iwwert dem Dan Kersch seng Bemierkung, dass Si him beim Verloosse vum Pult de Mëttelfanger gewisen huet. Den Ament ass allerdéngs nach net kloer, ob déi aner Deputéiert dat wärend der allgemenger Hëtzt vum Echange matkruten.