Fraestreik an der StadLogement, Famill an Aarbecht als zentraalt Thema vun de Rieden

RTL Lëtzebuerg
Trotz deels stréimendem Reen sinn um Weltfraendag e puer Honnert Leit fir d'Fraerechter an d'Gläichberechtegung op d'Strooss gaangen.
Fraestreik an der Stad
Den Organisatricen no hat d’Marche féminine eng 1.000 Participanten an d’Ville de Luxembourg gezunn.

D’Organisatricë vum Fraestreik schwätzen am RTL-Interview vun 1.000 Participanten, déi duerch d’Stroosse vun der Haaptstad gezu sinn. D’Revendicatiounen an d’Rieden hu sech ënnert anerem ëm de Logement, d’Famill an och d’Aarbecht gedréint. Och wa Lëtzebuerg am sougenannten Gender Pay Gap europawäit virläit a Fraen op d’Stonn gekuckt am Duerchschnëtt liicht méi verdéngen, wier dat op e Joer gesi schonn nees ganz anescht a besonnesch bei de Pensioune wieren d’Frae staark defavoriséiert.

Fraestreik an der Stad / Reportage Fanny Kinsch

Back to Top
CIM LOGO