Piraten: “Mir bréngen d’Léisungen”
“Gerecht Léisunge fir haut a muer”, mat deem Slogan ginn d’Piraten fir d’éischt an d’Gemengen an dann an d’Chamberwalen.
D’Partei huet och offiziell annoncéiert, wat RTL scho gemellt huet: den Ex-Ilres-Direkter Tommy Klein ass hiren neie Beroder a geet am Zentrum mat an d’Chamberwalen. Wéi scho länger bekannt ass den Zentrumsdeputéierte Sven Clement nationale Spëtzekandidat. Zanter 2021 hätten d’Piraten 80 Prozent Member bäikritt, esou de Marc Goergen. Haut hätt d’Partei bal 700 Memberen.
A 7 Gemengen hunn d’Pirate scho Lëschte fir d’Gemengewalen a 4 Gemenge géinge Lëschten opgebaut ginn an a 4 Gemenge géingen eenzel Pirate sech fir d’Walen opstellen. De Süddeputéierten a Coordinateur vun der Partei huet vun enger neier Dynamik geschwat.
"Leit duerch d’ganzt Land, déi sech wëllen engagéieren an hirer Gemeng an eis bäigetruede sinn. Sou dass mer kënnen an deene Gemengen och elo méi Matbestëmmung maachen, well wat maache mir, mir wëllen de Leit méi Biergerbedeelegung ginn an den éischte Schrëtt ass, dass sech Kandidate mellen, déi herno an hire Gemengeréit kënne matschaffen."
2018 hat den Direkter vun der deemools nach TNS-Ilres decidéiert, eng politesch Karriär anzeschloen, de Charles Margue ass bei déi Gréng gaangen. 5 Joer méi spéit verléiert d’Meenungsfuerschungsinstitut nees en Direkter un d’Politik. Den Tommy Klein soll bei de Piraten Expertise erabréngen, seet de Marc Goergen.
"Den Tommy Klein ass de Mann, dee landeswäit bekannt ass, fir d'Zuele fir Biergerbedeelegung, dat ass genau dat, wat mir als Pirate wëllen, dass d'Leit méi Bedeelegung kréien, souwuel intern wéi och national an an hire Gemengen, dofir si mir immens frou, dass den Tommy Klein sech fir d'Piraten entscheet huet."
D’Pirate waren an de leschte Joren ëmmer nees grouss Gewënner bei der Sonndesfro, am leschte Sondage verdräifacht d’Partei hir Sëtz an der Chamber vun 2 op 6. Dat wier awer net de Grond fir seng Decisioun gewiescht, seet den Tommy Klein.
"Ech hu mäi Beruff zéng Joer laang immens gäre gemaach a rengen Opportunismus, dofir géing ech net en Direktiounsposte bei der Ilres verloossen, also net eppes, wat ech immens gäre gemaach hätt. Et ass éischter Valeuren, mat deenen ech mech identifizéiere kann, dass virun allem eng Approche vu Politik, eng biergerno Politik, déi mech immens unzitt an déi, wann ech mech wierklech an där Welt wëll engagéieren, dann ech mech och muss identifizéiere kënnen, mat der Politik, déi ech da soll vertrieden."
Fir hie géingen d’Pirate senger Virstellung vu Biergerbedeelegung a gesellschaftlech Gerechtegkeet am Nooste kommen. Wéi hie sech bei de Piraten engagéiert hätt, hätt hien och direkt gekënnegt.