Nodeems d’lescht Woch e weideren Tëschefall op der Nordstreck dofir gesuergt huet, dass vun Ettelbréck aus iwwerhaapt keng Zich méi fueren, ass de ganzen Norden elo vum Schinneverkéier ofgeschnidden. Enn August war op der selwechter Streck jo schonn den Tunnel Schiebourg an de Koup gefall. Dee Chantier sollt u sech jo Mëtt Abrëll nees opgoen, mä zousätzlech zu der neier Baustell zu Bierden, sollen elo och d’Aarbechten am Tunnel eng weider siwe Woche Retard hunn. Dat suergt fir Ierger.
Kuerz no 6 Auer zu Draufelt bei Klierf - Wie vun hei aus an d’Stad wëll, brauch Gedold.
D’Awunner hei si schonn zanter dem Summer un d’Ersatzbusser gewinnt, well den Tunnel Schiebourg net accessibel ass. Elo fiert bekanntlech iwwerhaapt keen Zuch méi an den Norden, esou dass d’Leit, amplaz op Kautebaach, bis op Ettelbréck mam Bus gondele mussen, deen eemol d’Stonn kënnt.
Scho bei den Horairë geet d’Rätselen dee Moien un. Ënnert de Leit gëtt diskutéiert, wéini wéi ee Bus wouhi fiert. Amplaz um 6 Auer kënnt de Bus neierdéngs um 6.30 Auer, wat awer nach laang net jidderee matkrut.
“Ech ginn nach an d’Schoul, probéiere sou gutt wéi méiglech do pünktlech ze sinn, d’CFL mécht et mer net ëmmer einfach. Dat eenzegt, wat mer iwwereg bleift, ass bis op Ettelbréck ze fueren an do no enger Transportméiglechkeet ze kucken a villäicht de Mëtte bësse méi ze recherchéieren”, erzielt de Schüler Stanislav Valchev.
De Gilbert Klein a seng Famill sinn och op de Bus ugewisen. Den Auto kënnt fir den Ingenieur net a Fro, hie misst bis op de Belval a géif do keng Parkplaz fannen. De Problem wier, dass et net genuch Sputt tëscht dem Ersatzbus an dem Depart vum Zuch zu Ettelbréck géif ginn. Well de Bus am Stau stéing, géif hie reegelméisseg déi nächst Connectioun verpassen, esou dass hien eng hallef bis eng Stonn méi laang fir säin Aarbechtswee géing brauchen. Hie weist eis seng Mobilitéits-App: Do gëtt souguer nach den Zuch vu 6 Auer 50 ugewisen, aner Busser stinn dogéint guer net dran. Och um Dag vum Reportage huet de Bus schonn zu Draufelt Retard.
D’Onkloerheeten an d’Verspéidunge suergen an engem Facebook-Grupp fir Opreegung, eisen Opruff fir en Temoignage gouf sëllege Mol gedeelt a kommentéiert. Déi eng huelen et mat Humor, een User appelléiert, d’"Highländer” solle staark bleiwen.
Anerer, wéi d’Sarah Laurent, si richteg rosen. D’Ersatzbusser fir zeréck wiere schlecht gezeechent, wien den Uschloss zu Ettelbréck verpasst, hätt Pech: “Zwou Stonne méi brauch ech all Dag, eng Kéier war ech ëm 9 Auer owes heiheem. Dat kënne mir awer net méi maachen, mir si wierklech um Enn”.
Si fiert dofir mam Auto op Ettelbréck - an der Rush-Hour kee Kaddo. Och mam selwer ernannten “Highländer” Georges Meyers hate mir Rendez-vous, mä well säi Bus ze spéit war, war dofir keng Zäit méi. Ëmmerhin, hie schreift eis, den Zuch hätt fir d’éischt Kéier op de Bus gewaart. Hoffnung fir d’Leit aus dem Norden?
D’Sarah Laurent schwätzt aus, wat mir vu ville Betraffenen héieren hunn: “De Minister Bausch an anerer musse bësse wësse wéi et eis geet, den Norde geet nëmme bis Ettelbréck, mä do sinn nach Mënschen a mir goufe vergiess”.