Nodeems "Reporter" am Juni zejoert Mëssstänn beim Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique opgedeckt hat, hat dësen 3 Auditten an Optrag ginn.

D'Resultater vun dëse goufen en Dënschdeg den Owend an enger Reunioun vum Comité virgestallt an hunn do nawell fir schockéiert Gesiichter an d'Demissioun vum laangjärege President Yves Wengler gesuergt. Ënnert anerem gouf d'Gestioun vum Personal analyséiert an d' Mobbingreprochen, déi am Raum stoungen. D'Auditeuren hunn de Begrëff vu "Konflikt op der Aarbecht" benotzt.

Eng 150 Mataarbechter schaffe beim Sigi. 40 Prozent vun de Leit soen, si wiere selwer schonn Affer vun esou engem Konflikt gewiescht. Méi wéi all Zweete seet, e wier Zeie vun esou enger Situatioun gewiescht an iwwer 40 Prozent hu sech schonn diskriminéiert gefillt. Méi wéi dräi Véierels vun de Leit soen, d'Kommunikatioun mat der Direktioun wier schlecht, knapp 80 Prozent hu kee Vertrauen an d'Ressources humaines an all Zweete seet, e wier reegelméisseg op der Aarbecht gestresst.

Eng Situatioun déi sech den demissionäre President, den Iechternacher CSV Buergermeeschter Yves Wengler net kann erklären:  "Ech hat ëmmer eng gutt Relatioun mam Personal. Ech ginn och mam Virnumm ugeschwat, et gëtt keng Distanz an ech sinn och quasi op all de Feieren, déi do sinn an dofir sinn ech e bëssen iwwerrascht, datt wann dat esou ass, datt kee mech virdrun abordéiert huet a gesot huet : 'Yves ech hunn e Problem, kënne mer eng Kéier schwätzen.'"

D'Gewerkschaften haten allerdéngs schonn zanter méi Laangem op de Problem opmierksam gemaach. Den OGBL hat zum Beispill schonn am September 2021 e Protestpiquet organiséiert op deem en op Mëssstänn opmierksam gemaach huet.

D'Resultater aus deenen aneren zwee Auditten falen dann och net besser aus.
Bei der Analyse vun der Gestion financière kommen d'Auditeuren zur Conclusioun, datt et un d'Transparenz feelt a bei der Analyse iwwert d'Zefriddenheet vun de Clienten, also de Gemengen a Gemengesyndikater kënnt eraus, datt et eng grouss Onzefriddenheet gëtt. Virun allem mat grousse Gemengen hätt de Sigi e fundamentale Problem.

Den Yves Wengler, deen 22 Joer President vum Sigi war, ka sech aktuell net erklären, wéi dat alles méiglech ass: "Dat ass schwéier ze soen, well een et virun allem net gesäit. Et ass extrem komplizéiert dat ze verstoen a wann ee sech dat net erwaart, dann ass dat e gewëssene Schock."

E Rettungsplang soll elo méi aus dem Sigi maachen, wéi en haut ass, huet et geheescht an no der Ouschtervakanz decidéiert sech wien d'Successioun vum Yves Wengler iwwerhëlt.

Et bleift ofzewaarden wéi eng Konsequenzen dës Auditten um Niveau vun der Direktioun kréien. Den Direkter Carlo Gambucci feelt zënter dem Summer op der Schaff. Et heescht hie wier krankgemellt.

D'Gewerkschafte fuerderen eng nei Direktioun

Iwwert d'Resultater vum Audit iwwert d'Personal-Gestioun ass ee weder beim OGBL nach bei der FGFC iwwerrascht - de Claude Reuter vun der Gewerkschaft vum Gemengepersonal.

Gewerkschafte fuerderen nei Direktioun / Rep. Fanny Kinsch

"Et ass eppes, wat elo mat Fakte confirméiert ginn ass, wat am Gemengesecteur säit Joren e rumouert."

Et wier laang gewosst gewiescht, datt et Problemer gouf, ma näischt gemaach ginn. De Christian Sikorski beschreift d'Atmosphär, iwwert déi dem OGBL beriicht gouf.

"Et ass geschwat gi vun engem permanente Konfrontatiounskurs géint Personalvertrieder, et ass se vu Mobbing an Aschüchterunge vum Personal riets gewiescht, et ass gesot ginn, dass ënnert engem Klima vun Angscht géif geschafft ginn an natierlech déi Externaliséierung vun ëmmer méi Posten, dat huet jo och Onsécherheete bruecht."

D'Gewerkschafte begréissen, datt de President Yves Wengler Responsabilitéit iwwerholl huet an demissionéiert huet. Et missten awer elo och Konsequenze fir d'Direktioun kommen, virun allem den Direkter Carlo Gambucci. Nach eng Kéier de Christian Sikorski:

"Ech mengen e do ass et e kompletten Echec vun der Direktioun an dat heescht jo dann nëmmen, dass eng Direktioun muss geännert ginn, fir dass d'Saache kënne gerett gi beim Sigi."

Et misst elo séier eng temporär Léisung fonnt ginn, seet och de Claude Reuter.

"Eng Direktioun, déi sech dann och misst beweisen, mol rëm technesch Kommissioune missten agesat ginn, déi ofgeschaaft gi sinn, dass mat de Leit um Terrain geschwat gëtt an net mat der Politik de Lien muss gemaach ginn, mä mat eise Leit an dass mer ganz séier déi Produiten déi mer elo brauchen och kënnen ëmsetzen."

Op Nofro heescht et vum éischte Vizepresident, et misst ee sech mat sengen Affekote beroden. Déi zweet Vizepresidentin präziséiert iwwerdeems, datt scho fir d'nächst Woch eng Reunioun ugesat ass fir no Léisungen ze sichen.

D'Inneministesch Taina Bofferding wollt e Mëttwoch keng Stellung zu der Situatioun beim Sigi huelen. Vum Gemengesyndikat Syvicol heescht et, datt ee sech an Zukunft eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent dem Sigi an dem Staat erwaart.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung d'Wuert d'Mobbing am Titel. Dëse gouf esou allerdéngs net am Audit benotzt. D'Auditeuren hunn de Begrëff "Konflikt op der Aarbecht" benotzt.