Den Ordre vun den Architekten an Ingenieuren zu Lëtzebuerg weist sech besuergt, well d'Zuel vun den Opträg fir déi nächst Joren ongewéinlech niddreg ass.

D'Situatioun ass ganz ugespaant, nach ass Aarbecht do, mä wéi et weider geet, ass ongewëss. Den OAI, den Ordre vun den Architekten an Ingenieuren hei am Land, huet eng Enquête iwwer déi aktuell Situatioun bei senge Membere gemaach.

D'Entwécklung wier alarmant.

All Demande fir eng Baugeneemegung brauch e Certificat vun engem Architekt an déi Zuel ass ëm 38% erofgaangen.

D'Bicher mat de Commande si manner gutt gefëllt. Knapp d'Hallschent vun de Büroe soen, datt fir déi nächst sechs Méint d'Carnete mat de Commandë gefëllt wär. Fir déi nächst dräi Joer ass bei 62% manner wéi 25% gefëllt.. Dat ass éischter ongewéinlech.

Sou eng ugespaante Situatioun, wou et stagnéiert oder d’Opträg souguer zréckginn, hate mer nach ni, soen déi Responsabel vum OAI.

D'Architekten an Ingenieure fuerderen eng staark Reaktioun vum Secteur public, fir datt nees d'Vertrauen zréckkënnt, fir z'investéieren. Gesetzer, déi d'Nofro ofwiergen, wären och net fërderlech.

Den OAI, dat sinn eng 780 Architekten- an Ingenieursbüroen hei am Land, wou knapp 6.000 Leit schaffen.