
Mat 1.767 Infektioune mam Coronavirus an der Woch vum 13. bis den 19. Mäerz géigeniwwer 1.784 Infektiounen déi Woch virdrun huet d’Santé e liichte Réckgang vun 1 % constatéiert. Vun den 1.767 Fäll ware 56,2 % Reinfektiounen, also Persounen, déi sech virdru schonn emol infizéiert haten.
Am Duerchschnëtt ware 17 Mënsche mat Infektiounen hospitaliséiert, wouvun déi lescht Woch kee Patient op der Intensivstatioun louch. Zwou Persoune sinn déi lescht Woch mat Covid oder un de Suitte vun der Infektioun gestuerwen. An der Moyenne waren d’Patienten an de Spideeler 68 Joer al.