Op "Déi Lénk" komme keng juristesch Suitten duer

© RTL
Nodeems d'Piraten Déi Lénk wéinst engem Porte-à-Porte denoncéiert hunn, huet de Parquet d'Affär klasséiert, well kee Verstouss géint d'Walgesetz virläit.
D'Partei hat am Kader vun der kommunaler Walcampagne e Porte-à-Porte an der Stad gemaach, fir Auslänner dozou ze motivéieren, wielen ze goen.
D'Piraten haten drop higewisen, datt dës Aktioun net am Aklang mam Walgesetz wier an haten am Kontext "Déi Lénk" beim Parquet denoncéiert.
De Parquet deelt en Dënschdeg mat, datt d'Saach ouni penal Suitte klasséiert gëtt. Et konnt keng Infraktioun festgestallt ginn. Dat well bei de Visitten doheem keng eege Kandidatur rappelléiert gi wier a well d'Ampleur net gi wier, fir en effektiven Afloss op d'Walresultat ze huelen.
Déi Lénk hätte mat hirer Demarche Net-Lëtzebuerger wëllen incitéieren, fir sech um Walprozess ze bedeelegen.
Déi Lénk aus der Stad reagéieren
Wéi et vun de Stater Lénken heescht, géif sech d'Decisioun vum Parquet mat hirer eegener juristescher Analys vun de Faiten decken a géif si an hirem demokrateschen Engagement an de Stad bestäerken.
D'Populatioun an der Stad géif zu 70 Prozent aus Auslänner bestoen, vun deenen déi "erdréckend Majoritéit" nach net fir d'Walen ageschriwwe wier. Déi politesch Institutioune géifen deemno just nach eng eng Minoritéit vertrieden. "Verschidde Lëtzebuerger gesinn dora villäicht souguer ee Modèle à suivre. Dat ass net de Fall bei eis. Mir wëllen net, datt Lëtzebuerg een neit Dubai gëtt."
Wat d'Auteure vun der Denonciatioun géif ugoen, esou géif d' Affär op een Neits d'Gefore weisen, wann ee seng "politesch Iwwerzeegungen duerch d'Sich no Opmierksamkeet ëm all Präis" géif ersetzen.