Portrait vun enger belscher Innenarchitektin, déi bei de Gemengewale kandidéiert
Sech iwwert d'Gemengewalen z'informéieren, géing vill Zäit an Energie huelen, wann ee kee Lëtzebuergesch versteet.
D'Sprooch léiere wier op der anerer Säit net ëmmer einfach. Dat dréit an den Aen vun der Julie Provost op d'mannst zum Deel dozou bäi, datt sech relativ wéineg Auslänner fir d'Gemengewalen aschreiwen. Déi 34 Joer al Innenarchitektin a Mamm vun 2 Kanner kënnt aus der Belsch a kandidéiert dëst Joer fir d'CSV bei de Gemengewalen zu Bartreng.
Viru knapp véier Joer ass d'Julie Provost mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm, hir Elteren hu schonn hei gewunnt.
"On habitait à Bruxelles, on était très bien, puis quand on a eu notre première fille, d'une part on voulait se rapprocher de nos parents et d'une autre part en fait le Luxembourg était professionnellement quand même très intéressant aussi."
Zu Bartreng hätt si sech direkt wuel gefillt. Et géing villes gutt lafen an der Gemeng, ma si gesäit och nach Verbesserungspotential, zum Beispill bei de Vëlospisten.
"Tout ce qui est voirie cyclable, qui paraît déjà quand même très développé, mais on manque quand même encore de facilités, surtout pour sortir de la commune pour connecter les communes entre elles."
Nodeems si zanter e puer Joer schonn driwwer nogeduecht hätt, sech politesch z'engagéieren, wier si virun e puer Méint iwwert eng Bekannte mat der CSV a Kontakt komm.
"J'étais invitée à participer à une des réunions et puis en fait j'ai pu constater une équipe qui est quand même très soudée, qui est très ouverte d'esprit, surtout envers les autres nationalités, parce que ce n'est pas évident, je ne parle pas Luxembourgeois, je comprends."
D'Julie Provost üübt Lëtzebuergesch mat hirem Mupp. Et wier hir wichteg, d'Sprooch ze léieren, och wéinst hire Kanner, déi op Lëtzebuergesch scolariséiert ginn. Si hätt och Freed drun, nei Sproochen ze léieren, schwätzt Hollännesch an Englesch, e bësse Japanesch a versteet Däitsch.
"D'une part j'aime bien apprendre d'autres langues, mais aujourd'hui avec le travail, les enfants, la famille, c'est quelque chose qui se fait moins rapidement que quand on était plus jeune."
Am Alldag an op der Aarbecht géingen och virun allem aner Sprooche wéi Lëtzebuergesch geschwat ginn, wat d'Léiere méi schwéier mécht.