Déi Lénk: Spuere soll belount ginn a Verbëtze bestrooft
Mat dësem Motto wëllen Déi Lénk op nationalem Niveau e gestaffelte Waasserpräis aféieren.
De Grondbesoin soll garantéiert ginn, wat doriwwer eraus geet, sollt gestaffelt méi deier ginn. De Modell, deen d’Partei Déi Lénk virgesäit, ass, dass de Verbrauch bis zu 50 Liter den Dag pro Persoun soll gratis sinn. Vu 50 bis 100 Liter gëllt de normale Waasserpräis an iwwer 100 Liter géing dann den duebele Präis gëllen, fir d'Verschwende vu Waasser eben ze bestrofen, esou de Marc Baum.
Aktuell läit de Waasserverbrauch bei de Menagen an der Gemeng Lëtzebuerg den Zuele vun 2022 no bei ronn 180 Liter pro Persoun.
D'Diskussioun hätt dem Marc Baum no ugefaangen, wéi CSV-Regierung aus Waasser eng Wuer gemaach hätt, déi käschtendeckend soll finanzéiert ginn. Mee och dës Regierung géing op deem Punkt net genuch maachen. Der Partei Déi Lénk no wier et eng gutt Mesure, fir d'Spuere weider ze promouvéieren. Dat wier och néideg, fir déi ekologesch Transitioun weider ze féieren. En änleche Modell, wéi fir de gestaffelte Waasserpräis, kéint ee sech an enger zweeter Phas dann och fir de Gas an d'Elektresch virstellen.