
Verschidde Leit hätte Péng an de Muskelen oder Gelenker, bei anere wier d’Schëller vum Aarm an dee geimpft gouf steif ginn, oder d’Leit géingen eng allgemeng Verschlechterung vum Gesondheetszoustand bekloe wéi Middegkeet, Kappwéi, Schwindel, Tinnitus, Kribbelen an den Äerm a Bee bis zu Neuropathie, Häerzproblemer a visuell Stéierung.
Persounen aus ganz ënnerschiddleche Alterskategorien hätte Problemer gemellt, vun 30 bis 90 Joer. Si géinge fir hir Problemer behandelt ginn an dat géing vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. Bei permanente Schied kéinte si och eng Entschiedegung ufroen.
Dat äntweren d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den DP-Staatsminister Xavier Bettel op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Marc Spautz. Doriwwer, ob d’Gestioun vun der Corona-Pandemie weider evaluéiert soll ginn, géing d’Regierung sech de 7. Juni positionéiert.
Déi genee Zuel vu Persounen, déi hei am Land op d’mannst eng Impfdosis kruten, krute mir op Nofro hi vum Gesondheetsministère präziséiert, dat sinn op den Dag vun haut 509.209 Leit.
RTL News: Covid - “D’Impfung huet mäi Liewen zerstéiert” (6. Abrëll 2023)