En TemoignageWann Heescherten zu Liewensretter ginn

RTL Lëtzebuerg
"Ëmmer méi Heescherei." E Kommentar, deen een ëmmer rëm héiert. Ma d'Myriam Dallanoce war frou, dass d'Heescherte grad an deem Moment fir si do waren.

Am Summer 2019 setzt d’Myriam Dallanoce op enger Terrass op der Plëss. Si ass grad am Gaang ze iessen. Nieft hir steet e Grupp Jonker am Krees. An der Mëtt zwee jonk Hënn, méi genee Pitbullen. Op eemol héiert si Gejauls a gesäit wéi zwee Jonker op ee vun den Hënn aschloen. Den Hond gëtt mat de Féiss gerannt a mat der Lénkt geschloen. Ouni just eng Sekonn iwwert d’Geforen nozedenken, spréngt d’Myriam op a geet dotëscht.

Déi Jonk halen direkt op, well all d’Blécker op si geriicht sinn. D’Myriam kritt awer nach e Kommentar mat op de Wee: “Saloppe, on va te faire la fête, tu verras, hu si mir gedreet.”

D’Fra geet zeréck un hiren Dësch, kritt vun Opreegung awer näischt méi erof. Vun hirem Stull aus gesäit si, wéi déi Jonk sech lenks a riets vun hir op e bëssen Distanz positionéieren an op si laueren. D’Myriam weess net wat maachen, gesäit dunn awer beim Zeitungsbuttek e puer Heescherte stoen, deenen si soss op enger anerer Plaz Uebst gëtt. Si geet op se duer an erkläert hinnen d’Situatioun. D’Myriam huet Angscht: “Mäin Auto seet beim Royal, ech weess awer net wéi ech soll dohinner kommen, ouni deene Jonken an de Grapp ze lafen.”

D’Sans-Abrise reagéieren direkt: “Lauschtert, stellt äre Béier of, mir begleeden d’Madamm elo bei hiren Auto”, seet ee vun hinnen zu senge Kolleegen. Déi 7 Männer huelen d’Myriam Dallanoce an hir Mëtt an eskortéieren si bei hiren Auto. Beim Gefier ukomm, wëll d’Fra hinne 50 Euro gi fir Merci ze soen. D’Sans-Abrisen, déi daagsiwwer bei engem Supermarché setzen an heeschen hunn d’Sue refuséiert. “Madamm et war eis e Pleséier, mir schaffen Owes net.”

Nach haut, bal 4 Joer nom Virfall, denkt d’Myriam Dallanoce un dëse Moment zeréck.

Ma och wa si vill gutt Erfarunge mat Heescherte gemaach huet, ginn et Situatiounen déi si ganz schlëmm fënnt. Sou observéiert si ëmmer rëm organiséiert Heescherei an der Stad, Kläppereien a fillt sech alt mol vun den Damme belästegt, déi een uschwätzen an net méi goe loossen. Et misst een de Problem awer bei der Wuerzel paken an dësen net an aner Quartiere verlageren.

Där Meenung waren och aner Passanten an der Stad an op der Gare. Anerer fillen sech awer därmoosse belästegt, dass si d’Heesch-Verbuet vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzen.

Lauschtert hei, d’Meenung vun de Leit dobaussen.

Wat halen d’Leit dobausse vun Heescherten an dem Heesch-Verbuet?

Back to Top
CIM LOGO