Éischten DagXavier Bettel a Lex Delles fir offiziell Visitt am Vietnam ukomm

RTL Lëtzebuerg
Op Invitatioun vum vietnameesesche Premier Pham Minh Chinh sinn de Lëtzebuerger Premier an de Mëttelstands- an Tourismusminister an de Vietnam gereest.

E Mëttwoch sinn de Xavier Bettel an de Lex Delles am Nordoste vum Vietnam ukomm, wou si d’Halong-Bucht kucke ginn, déi ronn 165 Kilometer vun der Haaptstad Hanoi ewech ass. D’Gebitt mat iwwer 1.600 Inselen, vun deenen déi meescht onbewunnt sinn, steet zanter 1994 op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen.

No der Visitt vun der Halong-Bucht geet et fir d’Delegatioun an den Hafe vun Haiphong, wou hinnen d’Strategie an d’Aktivitéite vun der Fabrick vum vietnameeseschen Autoproduzent VinFast presentéiert gëtt.

Arrivée vum Xavier Bettel a Lex Delles fir offiziell Visitt am Vietnam
Op Invitatioun vum vietnameesesche Premier Pham Minh Chinh sinn de Lëtzebuerger Premier an de Mëttelstands- an Tourismusminister an de Vietnam gereest.

Um zweeten Dag gëtt de Xavier Bettel offiziell vum Pham Minh Chinh am Presidentepalais zu Hanoi begréisst. Nieft ënnert anerem enger Visitt vum Denkmal vum onbekannten Zaldot an dem Mausoleum vum fréiere President Ho Chi Minh gëtt och eng Zeremonie fir d’Signature vum “Memorandum of Understanding” organiséiert. Weider um Programm steet nach en Austausch mat fréiere vietnameesesche Studenten, déi zu Lëtzebuerg am Beräich vum Tourismus oder am Bankesecteur studéiert hunn.

Fir den drëtten Dag geet et an d’Stad Ho-Chi-Minh, wou de Lëtzebuerger Premier ënnert anerem op eng “Ring the Bell"-Zeremonie op der Bourse agelueden ass. Am Mëttelpunkt vum leschten Dag stinn de “Vietnam-Luxembourg Business Forum” an thematesch Workshoppen, déi vun der Chambre de Commerce zesumme mat der Lëtzebuerger Ambassade am Vietnam organiséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO