
Wéi déi zwee Premieren openee getraff sinn, gouf souwuel déi lëtzebuergesch wéi och vietnamesesch Nationalhymne gespillt. De vietnamesesche Premier Phạm Minh Chính huet dem Xavier Bettel dann och Fotoe gewise vu fréiere Visitten.
No Gespréicher iwwert d’Kooperatioun tëscht dem Vietnam a Lëtzebuerg goufen och offiziell d’Dokumenter vun der Kooperatioun ënnerschriwwen.
An den neien Dokumenter goufen eng Partie Punkte festgehalen. Ënnert anerem wéilt een och an Zukunft d’Produite vum anere Land favoriséieren vis-à-vis vun aneren Importer. Dës Weidere solle Lëtzebuerger Entreprisë motivéiert ginn, am Vietnam ze investéieren. An och d’Konditioune fir als Lëtzebuerger e Visa ze kréien, fir an de Vietnam ze reesen, sollen iwwerschafft ginn. Op dës Manéier wéilt een d’Zesummenaarbecht, mee och den Tourismus tëscht béide Länner vereinfachen. Et géing och de Prozess bei de Schüler-Echangë vereinfachen, erkläert de vietnamesesche Premier a senger Ried.
D’Kooperatioun tëscht den zwee Länner huet sech an de leschte 50 Joer immens positiv entwéckelt, wéi béid Säite betounen an dat besonnesch am Ekonomiessecteur. Wärend de Vietnam haaptsächlech Kleedung, Schong an elektronesch Apparater a Lëtzebuerg exportéiert, liwwert Lëtzebuerg Textil, Maschinnen a Metall.
Ma och an den eenzele Länner géif ee staark Entwécklunge gesinn. “Viru 50 Joer war Lëtzebuerg nach ganz anescht, dir hutt vill Fortschrëtter gemaach. Dir hutt et fäerdeg bruecht e Land ze sinn, mat engem vun den héchste Revenue pro Awunner ze hu weltwäit”, felicitéiert de vietnamesesche Premier Phạm Minh Chính.