
D’nächst Indextranche erfält deemno warscheinlech um Enn vum drëtten Trimester dëst Joer.
Fir d’nächst Joer ginn d’Statistiker dervun aus, datt sech d’Präisdeierecht no ënnen apendelt an den Inflatiounstaux wäert op 2,5% erofgoen.
Obwuel d’Pëtrolspräisser erofgaange sinn, bleift aktuell d’Präisdeierecht also héich - dat ass bedéngt duerch d’konstant héich Energiepräisser an deier Matières premières, déi an der Landwirtschaft an Industrie gebraucht ginn.
Wëll quasi all Liewensmëttel hei am Land importéiert ginn, läit eleng fir dës Produkter d’Präisdeierecht bei engem Plus vun 11 Prozent.