Medezinesche Cannabis gëtt ëmmer méi heefeg verschriwwen

Zanter 4 Joer ka medezinesche Cannabis hei am Land verschriwwe ginn.
Dovunner profitéieren dann och ronn 800 Patienten, déi THC- an CBD-Produkter a Form vun Ueleg oder Bléien huelen. Et soll dann och an Zukunft dobäi bleiwen, datt de medezinesche Cannabis just a Spidols-Apdikten ze kréien ass.
Dat ass och sou am Cannabis-Gesetz vun 2018 virgesinn a soll der Gesondheetsministesch Paulette Lenert no net ofgeännert ginn, also datt och weiderhin dës Produkter net an den normalen Apdikten iwwer Land wäerte verkaf ginn.
Datt d'verschriwwen Traitementer mat erlaabte Cannabis-Produkter stänneg klammen, weisen d'Zuelen: Sou goufe virun 2 Joer eng 160 Kilo Cannabis importéiert, zejoert waren et der ewell eng 290 Kilo.
An Ordonnancen heescht dat: 2021 waren et der eng 2.400, zejoert ewell eng 4.900 an dëst Joer fir 4 Méint ewell eng 1700, woubäi de Konsum vu Bléie kloer dominéiert.
Anescht wéi bei normalen Ordonnancen ass den Dokter gehalen, e Carnet mat Souchen ze verschreiwen, och un dësem méi komplizéierte System gëtt festgehalen, seet d'Ministesch Lenert, well de medezinesche Cannabis ënnert d'Gesetz vun de Betäubungsmëttel fält. Limitatioune fir d'Verschreiwe vu Cannabis-Ueleg ginn et iwwerdeems zanter Enn Januar keng méi.
All dës Prezisioune liwwert d'rout Gesondheetsministesch op Basis vu parlamentaresche Froe vum Piraten-Deputéierte Sven Clement. An dësen Äntwerten heescht et och, datt et keng Informatiounen driwwer ginn, datt Leit mat chronescher Péng a Lëtzebuerger Therapie-Zentre refuséiert gi wieren, well se Cannabis-Patiente sinn.
Wat d'Depenalisatioun vum net-medezinesche Cannabis ugeet, sou gëtt jo op den entspriechende Gesetzesprojet gewaart: dee gesäit vir, datt erwuessen Awunner bis zu 4 Cannabis-Planzen doheem dierfen ziichten an datt Hasch a 14 staatlech-kontrolléierte Butteker verkaf a vun 2 offizielle Produzenten ugeplanzt gëtt - sou gesäit et emol e Pilot-Projet vir. Zougelooss wieren, wann den Text bis gestëmmt ass, datt all Client, deen hei am Land wunnt, bis zu 30 Gramm Cannabis legal ka kafen - Frontalieren an Touriste sinn dovunner ausgeschloss.