Maachen "de Bierger an d'Uleiesse rëm zur Prioritéit op Gemengeplang"
De President vun Déi Konservativ Joe Thein war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".
Am Mäerz 2017 huet de Joe Thein Déi Konservativ, d’Fräiheetspartei, an d’Liewe geruff. Als fréiere Gemengeconseiller (vun 2011-2017, deemools nach fir d’adr) hätt hien hannert déi politesch Kulisse vun der Gemeng Péiteng kënne kucken an d'Politik matbestëmme kënnen. Dat wier e groussen Avantage bei der Grënnung vu senger Partei gewiescht, déi an de leschte 6 Joer och nei Membere bäikritt hätt.
Fokus op d'Sécherheetspolitik
"Mir maachen eng Politik, wou mer de Bierger an d'Uleiesse rëm zur Prioritéit op Gemengeplang maachen", sou de President vun Déi Konservativ. D'Partei leet dann an hirem Gemengewalmanifest de Fokus op d’Sécherheetspolitik. D’Fräiheetspartei plädéiert ënner anerem fir méi Policepersonal, méi Presenz um Terrain an och e bessert Equipement fir d’Beamten. Et setzt een awer och op oppe Proximitéitskommissariater 24/24 Stonnen 7/7 Deeg. Op verschiddene Plaze missten dem Joe Thein no och Kameraen an Alarmanlagen installéiert ginn. Wichteg wier et awer och, e professionelle Streetworking an de Gemengen op d’Been ze stellen.
Méi sozial Locatiounswunnengen
Spezifesch zu Péiteng géifen et Erausfuerderungen an der Verkéiers- a Logementspolitik ginn. E grousse Problem wier den Duerchgangsverkéier an de Manktem u Parkplazen. Weider fuerderen Déi Konservativ méi sozial Locatiounswunnengen an der Südgemeng.
Zil ass de Gemengerot zu Péiteng
Bei de Gemengewalen den 11. Juni erhofft sech den Nationalpresident vun Déi Konservativ genuch Stëmmen, fir de Sprong an de Gemengerot ze packen. Datt d’Zuel u Gemengeconseilleren zu Péiteng vu 17 op 19 eropgeet, wier dobäi e positive Facteur, dee kéint matspillen, sou de Joe Thein.