Spagat tëscht Wuesstem a Klimaschutz
Wéi soll et viru goe mat der Lëtzebuerger Wirtschaft? Weider op Wuesstem setzen, Klimaneutral ginn oder vläicht esou guer e Gank zeréckschalten?
Dat waren d'Froen, déi d'Ministere vun der Ökonomie, der Ëmwelt an der Sécurité sociale e Méindeg um Belval beschäftegt hunn. Do goufen Pisten diskutéiert, op wéie Wee de Grand-Duché soll bis 2050 goen, ma esou richteg eens war ee sech nach net.
Wat geschitt, wa sech iwwerhaapt näischt ännert, wat, wann d‘Wirtschaft däitlech méi gréng gëtt, a wat, wa sech zwar net vill ännert, mä eleng den technesche Fortschrëtt d'Ëmweltschied opfänke soll? Dat waren déi dräi Basisszenarien, iwwert déi an engem Aarbechtsgrupp um Belval diskutéiert gouf.
Déi Ëmweltschied gëllt et onbedéngt z'evitéieren, do ware sech all d'Acteuren eens. Fir dass dat geléngt, misst d'Ëmdenken an der Industrie virugoen, an zwar a Richtung Servicer amplaz Produite kafen. D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring plädéiert fir eng Zort Material-Leasing, beispillsweis och an der Industrie. Wann de Produit dann net méi gebraucht géing ginn, kéint en esou erëm un deen zeréckgoen, deen e verlount. D'Zukunft léich ausserdeem och an energiearme Secteuren, wéi beispillsweis der Santé oder der Dateverschaffung, erkläert de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Eng Ofso un d‘Schwéierindustrie wier dat awer net, schliisslech géifen et do scho vill Efforten, fir méi gréng ze ginn.
Eng méi gréng an zirkulär Wirtschaft géing net onbedéngt bedeiten, dass Lëtzebuerg säi Liewensstandard erofschrauwe misst.Wuesstem wier weider néideg. Schliisslech gëllt et, de Sozialstaat z'erhalen a Pensiounen ze bezuelen. Dorun erënnert de Serge Allegrezza, Direkter vum Statec, dee sech dofir aussprécht, sech op Zuelen ze baséieren, fir Zukunftsprognosen ze maachen. Berechnungen no géifen d‘Reserve vun der Pensiounskeess 2047 op en Enn goen, a schonn 2032 sollen d'Depense vun der Pensiounskeess méi grouss wéi d‘Recette sinn.
Suergen ëm d‘Pensioun misst ee sech awer net maachen berouegen d‘Ministeren. Dat géing schliisslech reegelméisseg reevaluéiert. Enn September wëllt den Ekonomiesministere eng Strategie presentéieren, wéi de Spagat tëscht Klimaschutz, Wuesstem a Sozialstaat gelénge kann.