D'Police bestätegt RTL, dass hinne gemellt gouf, dass am Süde vum Land Meedercher vu Männer ugeschwat an ugepaakt goufen. Et gouf eng Plainte gemaach.

An de leschten Deeg sinn op de soziale Medien ëmmer nees Posts a Meldunge opgedaucht, an deenen et ëm Männer geet, déi virun allem am Süde vum Land (Esch, Nidderkuer an Ëmgéigend) mat enger Camionnette ënnerwee wieren a Kanner, virun allem Meedercher, uschwätzen a souguer upake géifen. Dëst krute mir och vu Leit gemellt, sou dass mir der Saach nogaange sinn.
Op Nofro bei der Police krut RTL effektiv confirméiert, dass an de leschten Deeg genee sou Meldunge bei hinnen erakoumen. Kanner déi am Süde liewen hätten eng verdächteg wäiss Camionnette gesinn a wieren och vun enger onbekannter Persoun ugeschwat ginn. E Meedche hätt der Police no och uginn, dass et um Aarm gepaakt gouf. An deem Kader gouf och eng Plainte entgéintgeholl.

Dass zwee Meedercher entféiert goufen, sou Rumeuren an de soziale Medien, konnt vun der Police net confirméiert ginn.

D'Police deelt mat, dass esou Meldungen Eescht geholl ginn, dowéinst goufen och Ermëttlungen an deem Kader an d'Weeër geleet an eng Rei Iwwerpréiwungen duerchgefouert. Ma hei konnt awer an enger éischter Phas näischt Verdächteges oder Alarmantes festgestallt ginn, heescht et. De Parquet gouf a Kenntnis gesat an huet de Service vun der Police judiciaire mat enger Enquête chargéiert.