Roy Reding kritt keng Plaz op enger Fokus-Lëscht

© René Pfeiffer / RTL
Zanterdeem de Roy Reding d'lescht Woch seng ADR-Parteikaart ofginn huet, sëtzt hien als onofhängegen Deputéierten um Krautmaart.
Et goufe Kontakter mat der Partei Fokus, fir en eventuelle Bäitrëtt. Dës RTL-Informatiounen hunn d'Responsabel vun der Partei en Dënschdeg de Moie confirméiert.
Wéi et heescht, hätt een no éischte Kontakter dunn awer decidéiert, fir dem Roy Reding keng Plaz op enger vun de Fokus-Lëschten ze ginn. Wéi et vum Frank Engel geheescht huet, wier et eng Fro vun der Credibilitéit fir seng Partei. Et wier een do, fir en eegene politesche Wee ze goen an net fir enger anerer Persoun hir Karriär weiderzeféieren.
Grond fir den ADR-Austrëtt vum Roy Reding wier ee "flagrante Vertrauensentzuch" vun der ADR gewiescht, wéi hie selwer op Facebook annoncéiert hat. Seng "fréier Partei" hätt decidéiert, hien no 10 Joer an der Chamber als eenzegen "Deputé sortant" net méi als Kandidat am Zentrum opzestellen. Dat wier "du jamais vu", hat de Roy Reding seng Decisioun argumentéiert.
Hie wéilt Sträit, onnéideg Diskussiounen, Intrigen a Kampfofstëmmungen net matmaachen. Derbäi kéim, datt de sougenannten "vëlkeschen Diskurs", deen d'ADR an der Lescht no bausse géing ausstralen, net mat senge fundamental liberalen Iddie compatibel wier, esou de Roy Reding, dee seng politesch Karriär awer nach net wëll un den Nol hänken.