En Engagement, dat vill vun hir fuerdert, hir awer och vill gëtt: Zanter Jore setzt sech d’Marianne Donven berufflech a privat fir Flüchtlingen an.

D'Fra hannert dem Projet "Hariko", der Asbl "Oppent Haus" an dem soziale Restaurant "Chiche" war iwwer 10 Joer fir d'humanitär Hëllef am Aussen- a Kooperatiounsministère responsabel. Op hiren Aarbechtsreesen ass si "ville Leit begéint, déi a ganz schwierege Situatiounen mussen iwwerliewen" an awer "iergendwéi hir Kanner grousszéien". Nieft dem Bewosstsinn, wat fir eng "immens Chance" mir zu Lëtzebuerg hunn, huet si duerch hir Erfarungen e "grousse Respekt an eng ganz grouss Matléift fir aner Leit" entwéckelt. Nieft der Koordinatioun vum Konschtprojet "Hariko" vun der Croix Rouge, dee Kënschtler a Jugendlecher an Atelieren zesummebréngt, huet d'Marianne Donven 2015 ugefaange sech besonnesch fir jonk Flüchtlingen anzesetzen. Si huet d'Jugendlecher, déi mat der Flüchtlingswell aus Syrien, dem Irak an dem Afghanistan aus de Foyere mat bei den "Hariko" geholl. Fir si war et wichteg déi Jonk, déi nach net scolariséiert waren, ze beschäftegen an z'encadréieren. Op deem Wee huet si immens vill jonk Flüchtlinge kenne geléiert, déi ouni hir Elteren op Lëtzebuerg koumen.

D'Marianne Donven iwwer den Encadrement vu jonke Flüchtlingen

Scho virdrun huet d'Marianne Donven Kolleege vun hire Kanner bei sech op  geholl, déi net méi konnten doheem wunnen. Dofir war et fir si keng Fro, datt si e jonke Flüchtling bei sech ophuele géing. Dat war deemools awer guer net esou "evident", well et awer net virgesi war, datt Migranten a Famillje liewen. Vill Leit hunn der Familljemamm dovun ofgeroden. "Mä ech hu mech awer do net ënnerkréie gelooss an hunn dunn einfach e  Bréif geschriwwen un d’Juge des tutelles mineurs, sou huet dat nach déi Zäit geheescht. (…) An du krut ech och den Accord fir fir d'éischt een jonken Afghan bei mir doheem opzehuele vu 16 Joer."

Nodeems hir eelst Duechter op d’Uni gaangen ass, koumen zwee weider jonk Afghane bei der Famill ënner. Well si awer net als Fleegefamill agedroe waren, huet dëst eng Diskussioun lass getrueden, déi dozou gefouert huet, datt et och hei am Land eng Reegelung gëtt, fir Flüchtlinge privat opzehuelen. Zesumme mat enger belscher Associatioun, déi schonn zanter Jore Migrante mat Succès bei Familljen ënnerbréngt, huet d'Marianne Donven d'Immigratioun vun de Virdeeler iwwerzeegt. Antëscht kënne Familljen zousätzlech zu den 52 Stonne Formatioun, fir Fleegefamill ze ginn, e Modüll maachen, bei deem et ëm Asyl, Trauma an interkulturell Differenze geet. "Do sinn ech am Fong ganz stolz driwwer, datt ech dat fäerdeg bruecht hunn."

D'Lëtzebuerger Reegelen hu misse geännert ginn

D’Kommunikatioun mat de jonken Afghanen ass der Famill eigentlech ganz einfach gefall. Déi éischt dräi Jongen hu schonn Englesch geschwat. "Do war am Fong d'Schwieregkeet ëmmer rëm op Franséisch ze switchen a fir hinnen dann och wierklech ze hëllefen, sou schell wéi méiglech Franséisch ze schwätzen. Well dat ass awer déi Sprooch, déi och schoulesch am wichtegsten ass." D'Laureatin vum "René Oppenheimer"-Präis hat am Laf vun de Joren awer och schonn eng Rei Jongen doheem, déi just persesch geschwat hunn. Hei hëllefen d’Jonge sech dann ënnerteneen, fir z’iwwersetzen. Dat ass fir d’Marianne Donven am schéinsten: "Si si wierklech eng Famill. Wéi wa se all Bridder wieren, wat se jo guer net sinn. Awer et ass och schéin, wéi eng Solidaritéit entsteet. Och tëscht menge Kanner."

All Succès gëtt bei der Famill Donven gefeiert an et gëtt sech ënnertenee gefreet. E sudaneesesche Jong, dee bei hir wunnt, huet viru Kuerzem seng Pabeieren an d'Rei kritt a kann elo seng Léier als Patissier maachen. Fir de Progrès ze feieren, souz déi ganz Famill zesummen, fir ze grillen. "Also et ass scho wierklech wéi eng kleng Famill. Ech fannen dat immens flott, wa sou vill Leit um Dësch sëtzen, dat ass menges."

D'Liewe mat Migranten ass wéi eng kleng Famill

Nieft dem Logement ass de Wee op den Aarbechtsmaart e groussen Defi zu Lëtzebuerg. Et wier verständlech, datt Flüchtlingen, déi éischt 6 Méint net schaffen dierfen, ma dono misste si sou séier wéi méiglech nees a Richtung Aarbecht dirigéiert ginn. Als Beispill nennt d’Marianne Donven Däitschland. "Do gi si direkt no 6 Méint an hirem Jobcenter ageschriwwen an da schaffe si zwou Wochen dono am McDonalds an der Kichen." Zu Lëtzebuerg géingen d'Leit awer dacks "zwee, dräi, véier Joer oder méi laang am Foyer sëtze gelooss" ginn an esou "d’Gewunnecht, ze schaffen", verléieren. Och fir d’Integratioun an der Gesellschaft wier dës eng ganz schlecht Approche. Aus der Erfarung am soziale Restaurant "Chiche" huet si geléiert, datt d’Mënsche sech, och sproochlech gesinn, méi séier iwwert eng Aarbecht integréieren. "Ech hu scho vill Leit am Chiche agestallt, déi kee Wuert geschwat hunn. An dräi Méint dono hunn ech mech mat hinnen ouni Problem verstännegt." Och d’Demarchë fir e Patron, fir ee mat enger Autorisation d’occupation temporaire anzestellen, missten iwwerschafft ginn. Virun allem d’Quantitéit géing hei ofschrecken.

De Wee op den Aarbechtsmaart muss iwwerschafft ginn

Am soziale Restaurant Chiche "trëfft d'Welt openeen". An der véier Restaurante kommen Employéen aus 24 verschidde Länner zesummen, déi Clienten aus aller Welt mat an déi libaneesesch Kichen huelen. Et ass eng Chance fir Migranten, déi am dréngendsten eng Aarbecht brauchen. D'Marianne Donven kuckt hei net op Kompetenzen, "well mir fannen ëmmer eraus, wou mer eng Persoun kënnen an eisen Ekippen integréieren. Jiddereen huet Kompetenzen". Vill vun de Mataarbechter ware jorelaang ouni Pabeieren am Land. "An et muss ee sech dann einfach virstellen, (…), wéi frou déi da sinn a wéi dankbar, dass se dann ee sinn, eng Identitéit nees hunn an jo dat sinn natierlech ganz motivéiert Mataarbechter, déi alles géinge ginn, dass et hei gutt leeft. Dat gesinn och d’Clienten." Am Chiche "trëfft d’Welt openeen". An de véier Restaurante kommen Employéen aus 24 verschidde Länner zesummen, déi Clienten aus der ganzer Welt mat an déi libaneesesch Kichen huelen.

Am Chiche ginn déi agestallt, déi am dréngendsten eng Aarbecht brauchen

Iwwer d’Asbl "Oppent Haus" huet d'Marianne Donven antëscht 185 Migrante bei Familljen zu Lëtzebuerg ënnerbruecht, "wou ganz schéi Geschichten entstane sinn". "Verschiddener si lo nach no 5-6 Joer an deene Familljen doheem, sinn do richteg en Deel vun där Famill ginn." Ma och wann d’Gesellschaft ëmmer méi oppe gëtt, géing d'Familljemamm bei Solidaritéits- oder Theemewochen a Schoulen awer ëmmer erëm op Jugendlecher treffen, déi vun doheem aus e falsche Message vermëttelt kréien an dem Thema Flüchtlinge géigeniwwer "ganz zou" sinn. Iwwer hir Erfarung wëll d'Marianne Donven d'Jugendlecher sensibiliséieren a weisen, datt "dat all Kéier eng Persoun ass mat engem Liewen an engem Laachen an dass dat Leit si wéi mir och".

RTL

Flüchtlingen en Doheem bidden, si begleeden a gesinn, wéi vill Progrèse si maachen, ass fir d’Marianne Donven eng "ganz kloer Beräicherung", duerch déi och hir Kanner vill bäigeléiert hunn. "Ech wëll menge Kanner gäre mat op de Wee ginn, dass een eppes erreecht huet am Liewen, wann een de Leit gehollef huet a vill aner Kulture kenne geléiert huet." Eréischt viru Kuerzem huet d’Marianne Donven de Brudder vun engem vun hiren afghanesche Bouwen bei sech opgeholl. Am Alter vu 16 Joer wier de Jong ouni Elteren a Geschwëster am Iran op sech selwer ugewise gewiescht. "A wéi deen natierlech dunn um Fluchhafen ukoum, dat war natierlech eng ganz grouss Freed. (…) Heiansdo si sou Momenter, déi ee sech net als Europäer virstelle kann." Hien ass elo a Sécherheet an dierf am September hei am Land an d’Schoul goen. "Et kann ee ganz vill Freed mat hinnen deelen, wann et hei klappt. An et ass och flott, wéi si sech ënnertenee freeën, ee fir deen aner. Dat ass ganz schéin."