D'Schwangerschaft vum Vicky Wishof ass zimmlech normal verlaf an d'Tester waren onopfälleg. Kuerz no der Gebuert koum et awer zu Komplikatiounen.

Der Weltgesondheetsorganisatioun no komme 97 bis 98 Prozent vun de Bëbeeë gesond op d'Welt. Och d'Gebuert vum klenge Matteo an der Maternité vum CHL ass eigentlech gutt verlaf. Zwee Deeg méi spéit ass de Matteo awer ëmmer rëm blo ugelaf an huet missen op d'Neigebuerenenintensivstatioun verluecht ginn, also déi Statioun vun der Kannerklinik, wou Neigebuerener intensiv observéiert a gefleegt ginn. Fir seng Mamm Vicky Wishof e Schock.

RTL

Iwwert Deeg huet déi elengerzéiend Mamm Angscht, hire Puppelche ze verléieren. Si gesäit Dokter no Dokter. Kritt déi ënnerschiddlechst Diagnosen a muss dat alles eleng duerchmaachen, well hir Famill net mat op d'Intensivstatioun dierf. Iergendwann stellt sech eraus, dass de Puppelche Krämp hat a kritt Medikamenter. Domat ass dem Vicky Wishof seng Odyssee awer nach net eriwwer.

Ee Joer méi spéit - ëmmer nach keng Kloerheet

De Matteo ass elo 13 Méint al. Op den éischte Bléck en normale Puppelchen. "Hien ass an der Entwécklung awer ronn 6 Méint hannendran", sou seng Mamm.

"A sengem Alter fänke se u mat krabbelen, souguer trëppelen, kënne sëtzen a villes méi. De Matteo kann dat alles nach net sou. Hie läit nëmmen a ka sech vum Bauch op de Réck dréinen. Och sëtzen ass fir hie schwiereg. Hien huet kee richtegen Halt."

RTL

Dem Matteo säi Kapp ass ze kleng, hien huet also eng Mikrozephalie. Wéi staark ausgepräägt et ass a wéi eng Konsequenzen dat wäert hunn, konnt een dem Vicky Wishof nach net soen. Fir de Matteo a senger Entwécklung beschtméiglechst ze ënnerstëtzen, stinn iwwert d'Woch nawell eng Partie Rendez-vousen am Kalenner. Kiné, Ergotherapie, Dokter Rendez-vousen, Gespréicher mat aneren Ulafstellen. Et vergeet dacks net een Dag ouni e volle Programm. Dobäi schafft d'Vicky Wishof nach 30 Stonnen d'Woch. "Ouni meng Elteren, déi mol asprangen, wier et net méiglech."

Och d'Betreiung ass eng Erausfuerderung

Wann d'Vicky Wishof schafft, geet de Matteo an eng normal Crèche, sou wéi vill aner Kanner och. Hei langweilt sech de klenge Bouf awer, well hie mat deenen anere Kanner a sengem Alter einfach net mathale kann. "Wärend déi aner ronderëm krabbelen an zesumme spillen, läit hie just an engem Eck. D'Personal vergësst en dann och mol oder léisst e stonnelaang schlofen."

Dofir steet de Matteo elo op der Waardelëscht fir an eng Inklusiounscrèche. Ob de Matteo do wierklech opgeholl gëtt, ass awer éischter onwarscheinlech. D'Waardelëscht geet den Ament nämlech bis 2025.

Lëtzebuerg am Verglach gutt opgestallt

De Matteo ass hei am Land natierlech net den eenzege Fall. An der Maternité vum CHL huet den Dr Fernand Pauly de Service d'Evaluation et de Rééducation fonctionelle gegrënnt. Hei begleet déi divers Ekipp Patienten an hirer Entwécklung. Dat kënnen Neigebuerener sinn, et ginn awer och Kanner, bei deenen Aschränkungen a gesondheetlech Problemer réischt méi spéit opdauchen.

Dem Dr Fernand Pauly ass et wichteg, dass d'Patienten an hir Famill sech net ënnertenee vergläichen. "All Fall ka fir ee perséinlech schlëmm sinn. Mir sinn awer net do, fir anzestufen, wéi schlëmm oder net schlëmm de Fall ass, mä fir ze kucken, wéi vill Ënnerstëtzung e Patient brauch."

Et wier och wichteg, eng Schwangerschaft a Gebuert net ze verherrlechen. Mëttlerweil ginn et all méiglech Tester, déi ee scho wärend der Schwangerschaft maache kann. Ma souguer wann déi all gutt verlafen an wärend der Schwangerschaft net gefëmmt a gedronk gëtt, kann e Puppelche mat gesondheetleche Problemer op d'Welt kommen.

Wann dat dann de Fall ass, soll een zu Lëtzebuerg gutt opgehuewe sinn am Verglach zum Ausland, fënnt den Dr Fernand Pauly. "Natierlech ass ëmmer Loft no uewen. Mä mir hunn eng Partie Servicer, déi d'Famill an de Patient suivéieren an ënnerstëtzen."