
Virun e puer Wochen hu mir dem Anna* hir Geschicht erzielt. Iwwer Joren hat hire Volleyballtrainer heemlech Fotoen a Videoen an den Dusche vum Anna an hire Frëndinne gemaach. Déi jonk Fra war awer nach méi betraff, wéi déi aner Volleyballspillerinnen. De Volleyballtrainer war de Papp vun hirer beschter Frëndin. Méi wéi 3.000 Biller hat hien esou vum Anna gesammelt.
No knapp dräi Méint Untersuchungshaft war den Täter nees dobaussen. Fir d’Anna onvirstellbar: “Ech hätt ëm iwwerall kënnen iwwert de Wee lafen.”
Uganks Juni war d’Affär um Geriicht an d’lescht Woch war et dunn um Urteel. “Ech wousst net, wéini genee d’Urteel gesprach gëtt. De ganzen Zäit hunn ech op den Handy gekuckt an op Nouvellë gewaart”, erzielt d’Anna. Du koumen déi éischt Noriichte vun hire Frëndinnen: “Hues de gesinn? E muss an de Prisong!”
“Ech war einfach nëmme frou, glécklech an erliichtert, awer och iwwerrascht.” Mat enger Prisongsstrof hate si nämlech net gerechent. 22 Meedercher hate sech Partie civile deklaréiert. Si hunn elo 3.000 Euro vum Verurteelten ze gutt. D’Anna krut 8.000 Euro zougesprach, well hatt Haaptaffer an dësem Fall war. “Ech hat och net mat sou enger héijer Zomm gerechent, mä d’Sue si mir nach zimmlech egal. Ech sinn einfach just frou, dass hie fest an de Prisong muss.”
Den Ex-Volleyballtrainer krut 5 Joer Prisong an dovun 3 op Sursis. Dës Weidere muss hie sech wéinst Pedophilie psychiatresch hëllefe loossen. Ob dat him wierklech hëllefe wäert, do ass d’Anna sech net sécher. Hire fréieren Trainer hätt zwar viru Geriicht alles zouginn, mat senger Famill wier en awer ëmmer nach net éierlech. “Mä am Prisong wäert e jo genuch Zäit hunn, fir driwwer nozedenken. Ech hoffe wierklech, dass en aus senge Feeler léiert. Ech mengen och, dass et do net flott gëtt fir hien. Et ass jo bekannt, dass Leit, déi wéinst pedophille Strofdote sëtzen, net déi beléiftste Prisonéier sinn”, erzielt d’Anna.
Den Ex-Volleyballtrainer huet elo nach bal 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen. Dass en dat géif maachen, hält d’Anna awer fir onwarscheinlech. Fir d’Anna ass d’Urteel op alle Fall eng richteg Erliichterung: “Elo ass dee ganze Stress eriwwer an et kann een dat mol richteg sacke loossen.”
Dem Parquet no wier de Concernéierte bis ewell nach net an Appell gaangen.
*D’Redaktioun huet den Numm vun der jonker Fra geännert.