"Aujourd'hui nous, demain vous"Eng Kierfechtspaart, déi fir en tragescht Stéck Lëtzebuerger Geschicht steet

Monique Kater
Zënter den 1930er Joren ongeféier ginn d’Visiteure vum Konsdrëffer Kierfecht, wa se virun der Paart stinn, op eng zimmlech onfrëndlech Manéier begréisst.
Eng Kierfechtspaart steet fir en tragescht Stéck Lëtzebuerger Geschicht
Zënter den 1930er Joren ongeféier ginn d’Visiteure vum Konsdrëffer Kierfecht, wa se virun der Paart stinn, op eng zimmlech onfrëndlech Manéier begréisst.

“Aujourd’hui nous, demain vous” steet a grousse Buschtawen aus Eisen iwwert der Entrée geschriwwen. An dobäi sollt dach eigentlech alles gutt lafen zu Konsdref. D’Famill Theis plënnert vun Tandel erof an d’Nopeschgemeng vun Iechternach, fir do op der Gare eng Wiertschaft z’iwwerhuelen an en zweet Geschäft opzemaachen. Dat Gebai steet haut net méi, mee dofir erënnert dëse spezielle Sproch um Frantz Theis seng Presenz am Duerf. 10 Joer no de Schicksalsschléi ass et de Familljepapp, deen de Sproch “Aujourd’hui nous, demain vous” bei engem Schmadd aus der Géigend an Optrag gëtt. Esou genee weess een dat net, erkläert eis de Fred Schaaf, grousse Geschichtsfrënd a grad un dëser Géigend vum Land staark intresséiert. Schold un Theis(’ens) hirem Misär sinn d’Joren 1918-20, besser gesot d’Spuenesch Gripp.

D’Elteren hate scho virdrun 2 vun hiren 8 Kanner verluer. Vun deene 6, déi blouwen, hunn der 5 d’Spuenesch Gripp net iwwerlieft. Si waren tëscht 14 an 23 Joer al. Wou si genee gestuerwe sinn a wou se haut begruewe leien, wousst op der Gemeng zu Konsdref keen him ze soen, bedauert de Fred Schaaf.

De Frantz Theis huet ëm 1930 de Bou aus Eisen mam Sproch “AUJOURD’HUI NOUS DEMAIN VOUS” an Optrag ginn. De Familljepapp hat 7 vun 8 Kanner verluer.
De Frantz Theis huet ëm 1930 de Bou aus Eisen mam Sproch “AUJOURD’HUI NOUS DEMAIN VOUS” an Optrag ginn. De Familljepapp hat 7 vun 8 Kanner verluer.

D’Spuenesch Gripp hat d’Konsdref an deem Eck hei am uergsten erwëscht. Vun 1918 bis 1920 gouf et se dacks, haaptsächlech betraff waren ebe Kanner a Bëbeeën, mee d’Pandemie goung och u Leit an hire beschte Joren – D’Tandeler Kanner stierwen am Alter vu 14–23.

Hiert Leed huet de Frantz Theis ëm 1930 an Eise veréiwege gelooss. Ma hie wollt mam Bou och un déi 38 Konsdrëffer Leit erënneren, déi un der Spuenescher Gripp gestuerwe sinn.

Dat gewosst hëlt een dem Frantz Theis de Bou mam makabere Saz net méi esou iwwel, och net wann een all Dag drop kuckt.

D’Famill Theis 1919, mat am Hannergrond de Caveau mat Kapell zu Tandel.
D’Famill Theis 1919, mat am Hannergrond de Caveau mat Kapell zu Tandel.

No engem Graf mam Numm Theis-Meyers sicht een awer zu Konsdref ëmsoss. D’Famill, déi sech gutt stoung, huet nämlech eng Éiereplaz um Kierfecht zu Tandel, wou nieft der Kierch e Caveau steet.

Deen eenzegen Iwwerliewenden vun der Konsdrëffer Theis-Famill Jean-Pierre Theis huet zwee Meedercher, déi dem Fred Schaaf erzielen, dass hire Papp ni iwwer déi tragesch Familljegeschicht geschwat hätt. Si hätten hir Elteren och ni dono gefrot.

D’Marie Theis-Meyers an hire Fils Jean-Pierre, dat eenzegt Kand, dat iwwerlieft huet.
D’Marie Theis-Meyers an hire Fils Jean-Pierre, dat eenzegt Kand, dat iwwerlieft huet.

Wat fréier e Caveau mat uewendrop enger klenger Kapell war, gesäit haut zwar méi einfach aus, well d’Kapell am Krich zerstéiert gouf – d’Nimm vun de Kanner an den Datum vun hirem Doud zielen awer och esou vun der ganzer Dramatik. Esou traureg et ass, bleift d’Geschicht ronderëm de Konsdrëffer Sproch “Aujourd’hui nous, demain vous” en Deel vun der Vergaangenheet vum Grand-Duché. An déi soll net vergiess ginn!

Back to Top
CIM LOGO