D'Kandidaten aus de verschiddene Bezierker an der Iwwersiicht op RTL.lu

No de Gemengewale stinn elo am Oktober d'Nationalwalen um Programm. Ma wie geet do eigentlech alles mat? Mir hëllefen den Iwwerbléck ze behalen.
Dir wëllt Iech informéieren, wien an Ärem Bezierk mat an d'Nationalwale geet, da sidd Dir richteg op RTL.lu.
Mir hunn all d'Parteie kontaktéiert, fir e puer Basis-Informatiounen ze kréien. Dat hu mer kombinéiert mat eegene Recherchen.
Vu bal all de *Parteie krute mer mëttlerweil d'Fotoe vun de Kandidaten. Dozou hu mer Iech dann nach bei de Profil dobäi geschriwwen, wéi dacks d'Kandidatin oder de Kandidat scho mat an d'Wale war, respektiv och, wéini déi éischt Kandidatur war oder wéi e politescht Mandat en aktuell schonn huet.
Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht
Nieft dem Alter an dem Beruff, hu mer dann awer och nach eng weider intressant Info dobäi stoen, nämlech déi, a wéi enger Gemeng de Kandidat wunnt. Et muss ee jo net an deem Bezierk wunnen, an deem ee sech och fir d'Nationalwalen opgesat huet. Deemno kéint et sinn, dass een am Süde wunnt, ma am Zentrum mat op der Lëscht steet.
No an no ginn d'Informatiounen an dësem Dossier dann och aktualiséiert, respektiv kommen nach weider Detailer dobäi.
*Bei deene Kandidaten, wou z.B. aktuell d'Foto feelt, oder d'Informatioun, wou se wunnen, waarde mer nach op Réckmeldung vun de Parteien, déi eis déi nach net zougeschéckt hunn.