Volt ass eng jonk Partei, déi sech viru 5 Joer a ville Länner vun Europa gegrënnt huet.

2019 huet "Volt Lëtzebuerg" bei den Europawale matgemaach. Dono huet een net méi vill vun der Partei héieren.

Wat stécht hannert Volt? / Reportage Diana Hoffmann

"Dat éischt, wat mer wëllen, ass méi Europa", seet de Vize-President vu Volt, de Phillippe Schannes. E grousst Europa, wat besser géing zesummeschaffen, fir e Géigepol zu den USA a China duerzestellen. Donieft wëllt een d’Bierger stäerken, dass dës sech kënne méi einfach an de politesche Prozess abréngen. A besonnesch wéilt ee sech och fir de Klimaschutz engagéieren. De Programm fir dës Ziler ze erreechen, soll wëssenschaftlech an evidenzbaséiert sinn.

Eleng den Numm Volt seet awer méiglecherweis net ville Leit zu Lëtzebuerg eppes. No den Europawalen 2019 huet een net méi vill vun der Partei héieren. "No de Wale war Corona, dat huet eis immens schwéier getraff", ënnersträicht de Philippe Schannes. Hie selwer hat wärend den Europawalen ugefaangen, sech fir d’Partei z’interesséieren. Ma just eemol konnt hie bei engem Rendezvous vun der Partei dobäi sinn, ier wéinst der Pandemie alles digital gaangen ass. Et wier dofir immens schwéier gewiescht fir eng Partei, déi nach keng richteg Identitéit zu Lëtzebuerg hat, sech esou eng ze schafen. Och well den Numm nach net immens bekannt war.

Och elo wier et fir d’Partei net einfach, Visibilitéit ze kréien. Vun de 26 Kandidaten - 23 fir de Süden an 3 fir den Osten - huet ee keng bekannte Gesiichter op der Lëscht. Keng grouss politesch Acteuren, keng Prominenter, keng Sportler. Besonnesch fält op, dass vill jonk Leit ënnert de Kandidate sinn. 9 sinn der ënner 30 Joer, 14 an d’30 an 3 hunn iwwer 40 Joer. Vill kommen aus dem akademesche Beräich, sinn ënner anerem Studenten oder Enseignanten. De Vizepresident vu Volt erkläert, datt dat wuel un der Natur vun der Saach läit. De Parteiprogramm wier immens progressiv a liberal. Ma insgesamt wier déi ganz Volt-Europa-Beweegung eng relativ jonk. Et wier wuel och de Brexit, dee jonk Leit dozou bruecht hätt, sech méi staark fir Europa ze engagéieren.

Bekanntste Parteimember vu "Volt Lëtzebuerg" war wärend den Europawalen de Rolf Tarrach, fréieren Direkter vun der Uni Lëtzebuerg. Eenzege Kandidat mat politescher Erfarung war deemools de Christopher Lilyblad, dee vun der CSV bei Volt gewiesselt war. Vun de 6 Kandidate fir d’Europawale bloufen awer just nach zwee der Partei trei. Déi zweet gewielte Fiona Godfrey, déi Virsëtzend vu "British in Europe" ass, an de Generalsekretär vun der Partei, den Daniel Silva. "Zwou vun de Kandidatinne fir d’Europawalen, wunnen net méi hei zu Lëtzebuerg. Si ware relativ jonk, a sinn an d’Ausland schaffe gaangen", erkläert de Phillippe Schannes. 2019 hat d’Partei bei den Europawale mat knapp 26.500 Stëmmen, 2,11 Prozent erreecht. Dëst ass bis elo dat relatiivt bescht Resultat fir Volt an Europa.

Haut besteet "Volt Lëtzebuerg" aus iwwer 60 Parteimemberen. Duerch hire paneuropäesche Charakter wieren och vill Auslänner an der Partei. E groussen Deel wiere Fransousen, Spuenier, Italiener oder Portugisen. Si kënnen zwar net mat op eng Lëscht fir d’Nationalwale goen, hätten awer mat um Programm geschafft. Vill vun de Kandidate wieren eréischt an de leschte 6 bis 7 Méint bei d’Partei komm. De Vizepresident bedauert, dass ee keng komplett Lëschte konnt zesummestellen. Den 9. Mee schonn hätt een de Walprogramm fäerdeg gehat a publizéiert, an esou gehofft e bëssi Publicitéit fir d’Partei ze maachen. Leider wier déi medial Opmierksamkeet awer net do gewiescht.

Bei den Nationalwale wëllt een dann, och wéinst dem Manktem u bekannte Gesiichter, net op Spëtzekandidate setzen. Et huet ee sech dozou decidéiert, d’Frae bei der Opzielung vun de Kandidaten fir d’éischt ze nennen, well sech mat 10 Fraen an 13 Männer manner Kandidatinne wéi Kandidaten opgestallt hunn. Co-Partei-Presidente sinn de Michel Conter an d’Aurélie Dap, déi awer net ka kandidéieren, well si a Frankräich wunnt.

Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht