Blo-Rout-Gréng ëmmer nach 31, CSV elo 19 Sëtz
Wann e Sonndeg Wale wieren, wier d’CSV déi stäerkste Partei mat awer zwee Sëtz manner wéi elo. LSAP, DP a Gréng hätten zesummen nach ëmmer eng Majoritéit.
Si kéimen ëmmer nach op 31 Sëtz, déi awer anescht verdeelt wieren. Dat geet aus der leschter Sonndesfro ervir, e representative Sondage, dee vum Meenungsfuerschungsinstitut Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort realiséiert gouf.
LSAP Gewënner an der Koalitioun, DP a Gréng verléieren
D’Sozialiste sinn d’Gewënner, sou wuel am Verglach mat der leschter Ëmfro, wéi och par Rapport zu de leschte Walen. D’LSAP kënnt op 13 Sëtz, hir Stäerkt virun de Walen 2018, an och nees ee Sëtz méi wéi bei der leschter Ëmfro am Abrëll.
Bannent der Dräierkoalitioun wier den Equiliber deemno anescht, mat der LSAP als stäerkste Partei. D’DP kéim d’selwecht wéi am Abrëll op 11 am Plaz 12, déi Gréng nach op 7 Sëtz, ee manner wéi am Abrëll an zwee manner wéi 2018, sou d’Manon Breden vun der Ilres. "Blo-Rout-Gréng komme wéi am Abrëll op 31 Sëtz och dës Kéier nach, wat wéi gesot duergeet fir eng Majoritéit, mä awer sécherlech och net déi komfortabelster Positioun ass, déi ee sech zu dësem Zäitpunkt kéint virstellen."
Awer ëmmer nach eng méi komfortabel Positioun, wéi bei der leschter Sonndesfro virun de Walen 2018, do war d’Regierungskoalitioun net méi op eng Majoritéit komm.
Frieden funktionéiert fir d'CSV
Am Verglach zu de leschte Sondagë geet nieft der LSAP och d’CSV als Gewënner ervir, déi fir d’zweete Kéier hannerteneen an den Ëmfroen zwee Sëtz bäileeën op elo 19.
"Bei der CSV, do gesi mer jo notamment, do ware mer am November 2022 op 15 Sëtz, do si mer elo op 19 Sëtz, dat ass natierlech ee grousse Sprong no vir an do gesäit een, datt den Effet Frieden och fonctionéiert huet fir d'Partei." Och wann déi Chrëschtlech Sozial nach net op hirem Resultat vun 2018, also 21 Sëtz, zréck ukomm sinn.
Déi Gréng, Gewënner bei de Walen 2018, kéimen, wann e Sonndeg géing gewielt ginn, nëmmen nach op siwe Sëtz.
“Et ass vläicht mëttlerweil och sou, datt ëmmer méi Parteien och, ech soen elo mol Thematiken, déi mat der Ëmwelt ze dinn hunn, abordéieren, sou datt dat, wat vläicht 2018 nach déi Gréng als Eenzeg als Äntwert proposéiert hunn, mëttlerweil och schonn a Walprogrammer vun anere Parteie vertrueden ass."
Fraktiounsstäerkt fir Pirate, ADR verléiert, Lénk bleift stabel
D’Pirate kréien zwar nees ee Sëtz manner, wéi beim Sondage am Abrëll, awer nach ëmmer dräi méi, wéi 2018 a géingen domat d’Fraktiounsstäerkt vu fënnef Sëtz erreechen. D’ADR mécht nom Austrëtt vum Roy Reding hire schlechtste Score zanter 2018 a géing nach dräi vun hire véier Sëtz behalen. Déi Lénk bleiwe bei zwee Sëtz.
Wéi eng Koalitioun oder wéi ee Premier wëllt Dir?
An der Sonndesfro wollte mer och vun de Befrote wëssen, wéi eng Parteie si an der nächster Koalitioun wéilte gesinn. Nodeem Déi Gréng 2018 och bei dëser Fro en Héich haten, si se an den Ëmfroen dono ëmmer weider gefall. Dës Kéier gouf et fir si awer eng liicht Hausse vun 22 op 25 Prozent. Un der Spëtzt hunn d'Leit awer d'LSAP (48%) déi stabel par Rapport zum Juli 2023 bliwwen ass, d'DP (47%), déi liicht bäigewonnen an d'CSV (44%), déi véier Prozent verluer hunn. Och d'Piraten hunn e puer Prozent dobäi gewonnen.
Als Wonschpremier hunn ëmmerhin 34 Prozent den aktuelle Mann un der Spëtzt vun der Regierung Xavier Bettel uginn. De Spëtzekandidat vun der CSV Luc Frieden wéilte 21 Prozent als neie Premier gesinn, all fënnefte géif do d'Paulette Lenert gären hunn. Déi gréng Sam Tanson läit wäit ofgeschloe bei grad emol fënnef Prozent. Och nennenswäert ass, datt 12 Prozent vun de Befrote sech net fir ee vun de Spëtzekandidate vun de véier grousse Parteien wëllen ausschwätzen an et néng Prozent egal ass, respektiv datt si keng Äntwert ginn hunn.
Den Detail
Bei dësem Sondage, deen tëscht dem 7. an dem 16. August 2023 gemaach gouf, goufen 1.887 walberechtegt Persounen iwwer Telefon an Online befrot.
Detailer wéi ëmmer och op Alia.lu