
Op der klenger Lëscht ginn et souguer zwee Campen, déi sech géigesäiteg net grad frëndlech gesënnt sinn, sou datt d’Gestreits och lo en public ausgedroe gëtt.
Sou ass et den Kandidatinnen-Trio Jessica Schiltz, Jessica Marbes an Angelika Dasbach, déi an engem Facebook-Statement schreiwen, datt si reegelrecht vun de sechs anere Liberté-Kandidate géifen “ausgegrenzt an iwwergaange” ginn.

Rieds geet souguer vu Mobbing, Menacen a Falschheete vun den anere Kandidaten, vun deenen de Steve Schmitz de Spëtzekandidat ass.

Duerfir distanzéiert sech den Dammen-Trio och vum Rescht vun der Lëscht a schreiwt, dass “déi Aner sech schumme sollen” an dass dëst näischt an der Politik verluer hätt.
Wéi mer op RTL bericht haten, hat d’Kandidatin Jessica Schiltz virun 10 Deeg ewell op sech opmierksam gemaach, andeems si op Facebook dozou opgeruff hat, si net ze wielen. Dëst gouf dunn awer nees vun der Liberté-Politikerin revidéiert an de Post gouf geläscht.
Op RTL Nofro reagéiert de Parteipresident Roy Reding en Dënschdeg mat dëse Wierder an zitt e Verglach: „Den ‘Zodi’ ass bei Wäitem manner dramatesch, wéi dee sengerzäit tëscht der kompletter CSV-Fraktioun an dem deemolege CSV-Präsident Fränk Engel. An eisem Fall leien all Kandidate politesch op enger Linn. Den Zwist ass reng perséinlecher Natur a genee duerfir wäert ech mech absolut net amëschen oder äusseren. Mir hunn als Beweegung e grousst Zil, dat wäit iwwert all Egoe stoe soll.”
Fir dëse Weekend huet de Groupement vum Roy Reding iwwerdeem all Kandidaten, Sympathisanten an d’Press op e Scheierfest beim Bauer Guy invitéiert - interesséiert dann ze gesinn, wéi déi verschidde Kandidate vun der Lëscht 12 géintiwwer vunenee reagéiere wäerten an op den internen Zodi weider ëffentlech ausgedroe gëtt.