
Si war vun 1988 un 21 Joer laang an der Gemengepolitik aktiv, 9 Joer laang war si Buergermeeschtesch vun Hesper tëscht 2000 an 2009. 2004 gouf déi fréier Léierin a Mamm vun 3 Kanner an d’Chamber gewielt.
Enn 2008 huet d’Marie-Thérèse Gantenbein sech aus der aktiver Politik zréckgezunn, souwuel an der Gemeng wéi och am Parlament.
Zu Hesper gouf si vum deemolege Schäffe Marc Lies ersat. An der Chamber ass d’Fabienne Gaul fir si nogeréckelt.