
De Beamten hu 4 Leit an engem Gefier a schlechtem Zoustand ugetraff. Den Alkohol wéi och den Drogeschnelltest ware positiv. Et gouf op der Plaz ee provisorescht Fuerverbuet decidéiert.
An den Arrest koumen déi lescht Stonnen 2 Leit, déi sech um 22.25 Auer an der Stroossbuerger Strooss eng Kläpperei geleescht haten.
Ee Chauffer, deen enger Patrull am Val de Hamm um Dënschdeg um 11.30 Auer wéinst héijer Vitess a futtisser Fënster opgefall war an deen dunn net wollt direkt stoe bleiwen, huet vun de Beamte missen immobiliséiert ginn. Well e sech och um Büro net berouegt huet, koum de Mann an den Arrest.