Wann en Dënschdeg 46 nei Deputéiert um Krautmaart vereedegt ginn, kréie verschidden Fraktiounen och eng nei Sëtzplaz am Parlament zougewisen.

Déi 4 gréng Deputéiert plënnere bei d'Piraten an déi Lénk, déi och keng Fraktiounsstäerkt hunn a vir riets vun der Plaz vum Chamberpresident sëtzen. Hire Bänknoper bleift d'Regierungspartei CSV mat hiren 21 Deputéierten. Lénks vum Perchoir aus gesinn, sëtzt dann d'ADR-Fraktioun mat 5 Deputéierten, déi also muss plënneren. Hei sinn d'Nopere mat der LSAP an der DP-Fraktioun déi selwecht wéi ewell d'lescht Legislatur-Period. En Dënschdeg gi wéi gesot 46 Deputéiert vereedegt - dorënner 10 komplett nei Gesiichter. Déi 14 Ministeren, déi zeréckgewielt goufen, féieren d'Regierungsgeschäfter weider, bis datt déi nei schwaarz-blo-Regierung assermentéiert ass - eréischt da gi si vereedegt, wa si dann net sollten an der neier Regierung vertruede sinn, wat jo nëmme fir DP-Politiker ka gëllen.

3 Ministere goufe jo net méi zeréckgewielt a sinn domat guer net méi um Krautmaart vertrueden: dëst sinn den DP-Minister Marc Hansen, grad wéi d'gréng Ministeren Henri Kox a Claude Turmes.

D'Presidence en Dënschdeg iwwerhëlt net de Fernand Etgen, mee mam CSV-Député-Maire Michel Wolter den Déngschteelsten, dee vun de jéngsten Deputéierte Liz Braz (LSAP) a Luc Emering (DP) assistéiert gëtt. De Michel Wolter gëtt viru senger Charge iwwerdeem vum Lydie Polfer vereedegt, déi zweet-déngschteelst Doyenne an der Chamber ass.