De 27 Joer ale Biobauer kënnt vu Spréngkeng an e war eng éischte Kéier mat an d'Nationalwalen.

Aus senger Zäit als President vun de Jongbauere sinn et d'Theme Landwirtschaft an Ëmwelt, déi him besonnesch um Häerz leien. Dat wäert och elo net änneren.

Haaptberufflech wëll hie weider an der Landwirtschaft bleiwen, och wann de Familljebetrib sech elo ëmorganiséiere muss. Dat war dann och e Sujet, deen de studéierten Agronom bei d'DP gefouert huet. D'Diskussiounen em eng Aarbechtszäitreduktioun stoussen him sauer op.

Beim Agargesetz misst een dann och nobesseren, esou de Luc Emering. D'Betriber géifen duerch déi sëllege Paperassen an de Monitoring, deen ee misst maachen, éier ee sech vergréissert, blockéiert. Wat an der Theorie gutt kléngt, wier an der Praxis net ëmsetzbar.

Eréischt am Juni gouf de Luc Emering 1. Schäffen zu Dippech. Elo geet et als Véierten am Bezierk Süden, fir d'DP an d'Chamber.

E Problem huet hien domadder, wa jonk Leit, déi grad eréischt vun der Uni kommen, dem Patronat an de Léit déi 30 Joer schaffen, wëllen erklären, wat schaffen heescht. Dat hätt hie virun de Walen och esou schonn an de soziale Medie matgedeelt. Hie wäert sech fir déi Saachen asetzen, déi hie versprach huet. Nieft de Beräicher Landwirtschaft an Ëmwelt, an deenen den neien Deputéierte suedelfest ass, wëll hie sech awer och an den Dossier Logement eraschaffen, a sech generell fir déi schaffend Leit asetzen.