Frieden-Bettel-Regierung steet

Wien an den nächste Joren e Ministerposte kritt, dat war bis elo e grousst Geheimnis. RTL-Informatiounen no sinn elo all d'Nimm kloer.
Et bloufen no deem wat RTL gemellt hat, nach zwee DP-Käpp eng Inconnu - dës hunn sech eisen Informatiounen no geléist.
U sech gouf nach no zwou Frae gesicht - dat ass fir de Bezierk Zentrum gelongen - hei ass et d'Doktesch Stéphanie Obertin déi d'Ressorte vun der Recherche an Digitaliséierung wäert iwwerhuelen, déi jo bis ewell och a liberaler Hand waren.
Am Bezierk Norden ass d'DP och der Logik vun de Walen nogaangen, nodeem d'Beschtgewielt Fernand Etgen an André Bauler net zeréckbehale goufen, fir an d'Regierung ze kommen an och den net-gewielte Minister Marc Hansen -eisen Informatiounen no - kee Ministermandat ustrieft. Sou ass d'Wiel bei der DP op de jonke Buergermeeschter vu Schieren gefall. Den 29 Joer alen Eric Thill iwwerhëlt de Ressort vun der Kultur.
An der Woch, wou d'Vereedegung vun der neier CSV-DP-Regierung programméiert ass, interesséiert natierlech, wien an der Ekipp vun de 15 Ministeren dobäi ass. An natierlech och, wéi eng Partei wéi ee Minister-Ressort iwwerhëlt.
No ville Spekulatiounen a Rumeure ginn d'Nimm e Mëttwoch den Owend devoiléiert. Natierlech wëlle mir Iech awer net virenthalen, wat bei eisen Nofroen hannert de Kulissen erauskoum. An do ginn et RTL-Informatiounen no verschidden interessant Constaten.
Een dovunner ass, datt d'CSV sech et leescht, en Newcomer an d'Regierung ze nennen, deen net mat an d'Wale war an deen direkt déi däreg Dossieren an der Santé an der Sécurité sociale iwwerhëlt. Dëst ass eisen Informatiounen no déi aktuell Member vum Staatsrot Martine Deprez, déi dës Ressorte vun der LSAP wäert iwwerhuelen. Domat wäert déi studéiert Mathésproff och net am Fréijoer d'Presidence am Staatsrot iwwerhuelen.
Den DP-Deputéierten an Dokter Gérard Schockmel ass domat aus der Course, fir Chef am Gesondheetsministère ze ginn.
Da bei der CSV der Rei no, wou ee sech éischter iwwer d'Portefeuillë ka wonnere wéi iwwer d'Käpp, déi gesat sinn: De Formateur Luc Frieden gëtt natierlech neien Staatsminister, iwwerdeem de Mamer Député-maire Gilles Roth de komplett Ressort vun de Finanzen iwwerhëlt. Hei gëtt also näischt weider opgedeelt.
Aus dem Bezierk Zentrum gëtt wuel d'Elisabeth Margue nei Justizministesch an de Stater Schäffe Serge Wilmes iwwerhëlt d'Responsabilitéit vun der Joëlle Welfring, respektiv dem Marc Hansen an den Domainer vum Environnement, mä och an der Fonction Publique.
D'Nord-Co-Fraktiounspresidentin Martine Hansen iwwerhëlt d'Domäne vun der Landwirtschaft an dem Konsumenteschutz.
Zu Esch a Maacher dann dierften déi nei Buergermeeschtere Christian Weis a Monique Hermes heeschen, well déi aktuell Gemengepäpp Georges Mischo a Léon Gloden kommen zu Minister-Éieren: de Georges Mischo gëtt neie Georges Engel mat de Ressorten Aarbecht a Sport an de Miseler Jurist gëtt Innen- a Policeminister.
Eriwwer bei d'DP dann, wou siwe Ministeren e Mëttwoch den Owend mussen designéiert ginn. Vize-Premier an Ausseminister mat den Zoustännegkeete fir de Commerce extérieur gëtt de Xavier Bettel. De Claude Meisch vun der DP behält RTL-Informatiounen no de Ressort Educatioun, kritt awer och den däregen Dossier Logement.
De Lex Delles kritt d'Portefeuillë Wirtschaft an Energie, woubäi opsteet, ob hie selwer d'Domäner Mëttelstand an Tourismus geréiert oder dëst vun engem aneren DP-Mandataire iwwerholl gëtt.
Kloer schéngt, datt d'DP och d'Ressorte Mobilitéit a Kultur an Zukunft politesch an der Verantwortung wäert hunn, woubäi mer hei geséchert nach keng Nimm op dës Poste setzen, well gewosst ass, datt zwou Positioune bei der liberaler Partei nach opstinn. Eng Partie Nimm vu weiblechen DP-Memberen zirkuléieren, mä dës Informatioune goufen nach net confirméiert.
Den neien DP-Minister Max Hahn behält säi Portefeuille vun der Famill a Groussregioun, kritt awer d'Immigratioun nach mat dobäi. Iwwerdeem d'Yuriko Backes jo hire Schlëssel am wichtege Finanzministère un de Gilles Roth ofgëtt an d'Domäne vun der Defense a Kooperatioun wäert iwwerhuelen.
D'nei Defense- a Cooperatiounsministesch Yuriko Backes soll iwwerdeem och de Mobilitéitsministère vum François Bausch iwwerhuelen, grad wéi d'Travaux Publics.
Déi zwee Ministere vun der DP, déi nach net kloerware sinn RTL-Informatiounen no den Eric Thill aus dem Norden. Bei deChamberwale gouf de Buergermeeschter vu Schieren de 4. gewielten op der Leschtvun der DP am Norden. Hie géif Kultur an Tourismus iwwerhuelen.
Och d’Stéphanie Obertin géif an d’Regierung kommen,sie soll ënnert anerem d’Digitalisatioun an d’Recherche iwwerhuelen. Sie gouf 11.Gewielten op der Lescht vun der DP am Zentrum. D’Fra vu 49 Joer ass Generalistin.
Ganz kloer schéngt iwwerdeem, datt d'CSV de Christophe Hansen an d'Course schéckt, fir d'nächst Joer EU-Kommissär ze ginn an, datt de Claude Wiseler de Fernand Etgen wäert um Perchoir vum Chamberpresident ersetzen.