Koalitiounsaccord gouf en Donneschdeg de Moien ënnerschriwwen

© Roland Miny
En Donneschdeg de Moien hunn de Xavier Bettel fir d'DP, de Formateur Luc Frieden an de Claude Wiseler fir d'CSV de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen.
An der Suite huet den neie Premierminister Luc Frieden éischt Eckpunkten aus dem Koalitiounsaccord presentéiert. De Koalitiounsaccord soll Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken, d'Wirtschaft, d'Ëmwelt, de Klima an d'Gesellschaft stäerken. Dat huet de Formateur Luc Frieden den Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz betount, virun där den 209 Säite laangen Accord am Kooperatiounsministère ënnerschriwwe gouf.
"Lëtzebuerg fir d'Zukunft stäerken"
Déi zwou Parteien wiere sech an den Ziler eens, d'Walprogrammer wieren op wesentleche Punkte sech eens gewiescht. Béid Parteien hätte Prioritéite gehat an hire Programmer an déi zwee Programmer wieren zesummegeluecht ginn, fir zu engem Resultat ze kommen.
E puer Eckpunkten huet de Luc Frieden genannt: d'Steiertabell wäert vum 1. Januar 2024 un ëm 4 Indextranchen erofgoen, et géif keng Ierfschaftssteier an direkter Linn agefouert ginn an och keng Verméigenssteier fir privat Persounen. Steieren erof fir jiddereen hat d'CSV virun de Wale versprach an d'automatesch Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun. D'DP hat gewarnt, dat geet net. Am Koalitiounsaccord steet elo, esou de Luc Frieden, datt "d'Steiertabell op den 1. Januar 2024 ëm véier Indextranchë berengegt gëtt. Dat heescht d'Steierlaascht vun de Leit geet op den 1. Januar erof."
Nei sinn also just 1,5 Indextranchen dobäi. An der leschter Tripartite ënner der aler Regierung war schonn ugekënnegt ginn, d'Tabell op den 1. Januar ëm 2,5 Tranchen unzepassen. Gëtt et doriwwer eraus Steiersenkungen? "De Rescht, dat kucken mer en Funktioun vun der wirtschaftlecher Situatioun", esou de Luc Frieden.
D'DP wollt onbedéngt eng Individualiséierung an et ass ee sech eens, fir "bis 2026 e Projet virzeleeën, wéi e kéint graduell déi Steierklassen änneren, ofschafen, fir der gesellschaftlecher Entwécklung Rechnung ze droen."
Mëttelfristeg sollen och d’Steieren fir d’Betriber erofgesat ginn, Detailer dozou géif et awer eréischt, wann déi entspriechend Gesetzer preparéiert géifen.
Punkto Logement misst Beweegung an de Bausecteur kommen, dofir Ufank nächst Joer a fir begrenzten Zäit eng Partie Mesuren: den Ammortissement accéléré soll agefouert ginn, de bëllegen Akt soll gehéicht ginn an d'Scholdzënsen, déi ee kann ofsetzen, sollen och erhéicht ginn.
Déi nei Koalitioun wëll dann och d'Bauperimeter nees opmaachen, dat gekoppelt u Baulandverträg a mat der Konditioun, datt op d'mannst 30 Prozent abordabele Wunnraum an neie Projeten dra sinn. D'Privatpromoteure sollen da méi wéi bis elo vun Aidë kënne profitéieren, fir abordabele Wunnraum ze bauen.
Fir d'Betriber sollen d'Steiere mëttelfristeg un den Niveau vun der OECD ugepasst ginn, also erofgoen. An d'Bonifikatioune fir Investitiounen an Ëmwelt a Klimamesuren eropgoen. Donieft wëll een de Prinzip "Only once" aféieren, dat am Ëmgank mat den Informatiounen, déi Betriber an d'Privatleit de Staatsverwaltunge musse liwweren.
A Punkto Sécherheet wëll d'Koalitioun de Platzverweis iwwerschaffen an d'comparution immédiate aféieren. D'Gemengepolice soll als Unitéit innerhalb vun der Police Grand-Ducale gegrënnt ginn.
Donieft plangen CSV an DP eng Rei Reformen am Gesellschaftsrecht. Sou sollen Diskriminatiounen am Adoptiounsrecht ofgeschaaft ginn, dat och fir Kanner, déi iwwert eng Leihmutterschaft gebuer ginn. D'Leihmutterschaft soll awer net zu Lëtzebuerg agefouert ginn.
De Congé parental soll kënnen ëm dräi Méint verlängert ginn, ouni datt et de Staat méi kascht, an de Congé de maternité soll méi flexibel kënne gestalt ginn. D'Affiliatioun vun de Mammen oder Pappen, déi Baby-Joren huelen, soll vun zwee op dräi Joer verlängert ginn. An Diskriminatioune bei der Adoptioun sollen ofgeschaaft ginn. Beim Thema Ëmwelt- a Klimaschutz gouf virun allem op d'Wuert "Proportionalitéit" besonnesch insistéiert a vun engem "Paradigmewiessel" geschwat, Naturschutz soll aner Projeten, notamment wat d'erneierbar Energien ugeet, net am Wee stoen. Et gouf och zum Beispill gesot, dass een d'Méiglechkeet soll kréien, wann am Bauperimeter e Biotop entsteet, deen nees ze zerstéieren, mam Argument, dass soss d'Leit déi ganzen Zäit géinge méien, fir näischt entstoen ze loossen, Wandrieder a Vëlospiste misste méi séier kënne gebaut ginn a Solarzellen op Dierche Standard ginn, an et gouf och festgehalen, datt d'Bauperimeter solle kënnen erweidert ginn.
Wat nach alles am Koalitiounsaccord steet, gëtt ee viraussiichtlech e Méindeg gewuer, do gëtt e fir d'éischt am neie Regierungsrot gutt geheescht an dann un d'Chamber geschéckt an deen Ament och ëffentlech gemaach.