De Premier Luc Frieden, de Vizepremier Xavier Bettel an déi aner 13 CSV- an DP-Ministeren haten e Freideg de Moie Rendez-vous am Palais.

Hei ass déi nei Regierung vereedegt ginn, domadder huet Lëtzebuerg zanter e Freideg offiziell eng nei Regierung.

Assermentatioun vun der neier Regierung / Reportage Monica Camposeo
Grand-Duc Henri huet déi nei Regierung vereedegt
Nei Minister vun elo un am Amt.

Weider Andréck vun der Vereedegung

Andréck vun der Cérémonie de passation des pouvoirs

E Freideg war dann och nach déi traditionell Passation des pouvoirs, wou déi nei Leit dann de symbolesche Schlëssel vun hire Virgänger iwwerreecht kréien.

En Donneschdeg hunn DP an CSV jo de Koalitiounsaccord ënnerschriwwen, an de Luc Frieden huet zesumme mam Xavier Bettel an dem Claude Wiseler éischt Elementer draus bekannt gemaach. E Méindeg gëtt den Accord fir d'éischt am neie Regierungsrot guttgeheescht an dann un d'Chamber geschéckt an deen Ament och ëffentlech gemaach. E Mëttwoch mécht de Premier dann eng Regierungsdeklaratioun an der Chamber.

De Koalitiounsaccord