Well op der Nordstrooss am Beräich vum Tunnel Grouft e Wëllschwäi ronderëm gelaf ass, gouf den Tunnel a béid Richtunge gespaart.

An enger éischter Meldung huet et geheescht, dass e Wëllschwäin am Tunnel géif ronderëm lafen, kuerz drop war d'Déier ausserhalb vum Tunnel ënnerwee, wou et laanscht dem Zonk no engem Auswee gesicht huet, fir zeréck an de Bësch ze kommen.

Well dem Déier dat net gelongen ass, ass op Videoen an de soziale Medien ze gesinn, wéi eng Persoun, e Jeeër oder e Fierschter, probéiert, d'Wëllschwäin ze schéissen.

Aus Sécherheetsgrënn gouf den Tunnel Grouft a béid Richtunge fir den Trafic gespaart. Dat huet deementspriechend fir Stau op der A7 gesuergt.

Den 23. November 2018 gouf et en änlechen Tëschefall, woufir d'Autobunn A7 op der Héicht vum Rouscht hat musse gespaart ginn. Hei war en Trapp Wëllschwäin op d'Autobunn gelaf, dëst wärend enger Klappjuegd. En Zonk war deemools net richteg installéiert.

Aktuell gëtt et keng Klappjuegd am Beräich ronderëm d'A7, souwäit een dat op geoportail.lu novollzéie kann.

Trafic-Info