Soll ee Freedefeier op Silvester erlaben oder net?

© ROB ENGELAAR ANP MAGANP via AFP
Et ass eng Fro, déi all Joers ëm dës Zäit fir Diskussioune suergt a wou d'Meenungen ausernee ginn.
Fir déi eng sinn d'Rakéite ronderëm Hallefnuecht Traditioun, anerer fille sech doduerch gestéiert a kritiséieren, datt et der Ëmwelt an den Déiere schued. Do ass et fir d'Politik net einfach, fir jidderengem et gerecht ze maachen. Duerch dat kommunaalt Policereglement si Knupperten a Rakéiten am Prinzip verbueden, mä de Buergermeeschter kann am Viraus fir Deeg wéi Silvester eng Autorisatioun ginn.
Allerdéngs maachen dat ëmmer manner Gemengen. Ongeféier an 3/4 dierf net geknuppt ginn. Als Beispiller kann een d'Stad, Esch an Déifferdeng nennen, mä och Ëlwen a Wëntger, Wolz oder Dikrech.
De Charel Weiler, den Dikrecher Gemengepapp seet, d'Freedefeier wier schonn déi lescht Joren op Silvester verbuede gewiescht an et hätt een elo kee Grond gesinn, fir dat z'änneren.
"Et ass och keng Demande vun der Bevëlkerung do, fir et erëm z'erlaben, esou datt bei eis keng Diskussioun war an et u sech och verbuede bleift. Mir haten eng Kéier kuerz am Schäfferot driwwer rieds a bei eis ass et ganz kloer, datt et eng Saach vu Respekt ass vis-à-vis vu Famille mat klenge Kanner, vis-à-vis vun eelere Leit a vis-à-vis vun Déieren. Mir sinn der Meenung, datt et keng Plus-value bréngt fir d'Freedefeier zouzeloossen, esou datt mer et beim Reglement beloossen."
Puer Kilometer méi wäit ass d'Iwwerleeung eng aner. Zu Ettelbréck dierf een dëst Joer knuppen, allerdéngs net déi ganz Nuecht, mä vu véierel vir 12 bis hallwer 1.
De Buergermeeschter Bob Steichen explizéiert, firwat hien déi Decisioun geholl huet: "Mir hunn dat bei eis an der Majoritéit diskutéiert an do ware mer eigentlech ganz séier unanime der Meenung, datt mer et dëst Joer fir eng dräi véierels Stonn géifen erlaben, well mer der Meenung sinn, datt een de Leit dee kuerzen Ament vu Freed kann a soll loossen, an net alles soll verbidden. Op där anerer Säit muss een och soen, datt mer an der Vergaangenheet d'Erfarung gemaach hunn, datt trotz Verbuet awer vill geschoss ginn ass an dofir hu mer gemengt, mir géifen déi dräi véierels Stonn erlaben, fir et dann hoffentlech op déi Aart a Weis och bëssen anzegrenzen."
D'Freedefeier ass iwweregens eng Traditioun, déi aus China kënnt an dat éischt an Europa gouf et 1379 an Italien. Et ass ee Brauch, deen eigentlech geduecht ass, fir mat Kaméidi a greller Luucht béis Geeschter ze verdreiwen, wann een dann dodru gleeft.
A wéi enger Gemeng dir mat Freedefeier dierft an dat neit Joer starten a wou et verbueden ass, dat fannt der hei an eisem Artikel! Mir hunn an alle Gemengen nogefrot.