Eng nei Iwwersetzungsapp fir d'Lëtzebuerger Sprooch
Vun nächster Woch u soll et eng nei digital Iwwersetzungs-Applikatioun ginn. Dat fir Englesch - och geschwat – a lëtzebuergeschen Text z'iwwersetzen.
Dat versprécht jiddwerfalls d'Firma GCore vu Contern. Lëtzebuergesch ass net just eng Weltsprooch, stellt den Andre Reitenbach, CEO vu GCore a selwer däitscher Nationalitéit fest. Dofir gëtt et och net grad eng Panoplie un Online-Dictionnairen, voire Iwwersetzungsapplikatiounen, déi vun oder op Lëtzebuergesch iwwersetzen. Bis elo, esou den Andre Reitenbach: "Wir haben ein Modell trainiert, das Englisch ins Luxemburgische übersetzt. Das heisst, man kann etwas reinsprechen und das wird dann sofort ins Luxemburgische übersetzt."
Oder ëmgedréit, vu Lëtzebuergesch op Englesch. Dës Applikatioun soll vu nächster Woch un iwwert all normale Webbrowser um Site vun GCore disponibel sinn, esou Andre Reitenbach weider: "(...) und das kann man in allen möglichen Tools intergrieren und für eigene Prozesse lokal benutzen."
Soll heeschen, et kéint ee se beispillsweis a Chat-Applikatiounen integréieren, fir se do dran ze benotzen, esou wéi Whatsapp oder den neie Luxchat. Allerdéngs net als Utilisateur, mee wann d'Firmen dat wéilten a géife maachen. Well am Fong bitt GCore haaptsächlech Servicer fir aner Firmen un, net fir den Endverbraucher. Zum Beispill d'IT-Infrastruktur fir Entreprisen, déi hir eegen, firmen-intern KI-Modeller trainéieren. Op Basis vun hiren eegenen Donnéeën an Informatiounen. An do seet de Peter Sodermans, bei GCore zoustänneg fir d'Relatiounen no baussen: "Mir hunn an Europa de GDPR, mir hunn de Privacy Act, mir hunn de Cloud Act, do ass garantéiert, datt är Date sécher sinn."
Fir europäesch Entreprisë soll dat heeschen, datt hir confidentiel Donnéeën an Europa bleiwen an net iwwert de Fournisseur op engem anere Kontinent landen.