
Eng Persoun ass e Samschdeg un hire Blessure gestuerwen, dat hat de Parquet per Communiqué matgedeelt.
Um Sonndegowend konnt RTL mam President vun der Jeunesse Marc Theisen schwätzen. Hie selwer war e Freidegowend net op der Plaz. Wéi et zum Tëschefall koum, wieren eng 26 Jongen a Meedercher am Alter tëscht 12 an 13 Joer um Terrain gewiescht. Iwwert de Groupe de Support Psychologique vum CGDIS hätten all dës Kanner psychologesch Hëllef ugebuede kritt. De Marc Theisen sot RTL géintiwwer, datt zu kengem Ament eng Gefor fir d’Kanner bestanen hätt. Den Tëschefall hätt och näischt mat engem vun de Kanner ze di gehat, an och net mat der Jeunesse, esou de President vum Club. Déi genee Ëmstänn misst elo d’Enquête klären.
Wat war geschitt?
Aenzeie soten RTL géintiwwer, datt wärend engem Training vun der Nowuessekipp e frieme Mann mat engem Messer op mannst eng Persoun attackéiert hätt. Leit op der Plaz konnten dësen immobiliséieren. Dobäi wier dëse schwéier blesséiert ginn a spéider u senge Blessuren am Spidol verscheet. Am Schreiwes vum Parquet vun e Samschdeg stoung, datt eng Persoun dem Untersuchungsriichter virgefouert gouf. RTL-Informatiounen no si weider Leit de Weekend vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn.