Dëse Weekend hu sech eng 400 Leit getraff, fir ze traueren an dem Nawalny ze gedenken.

Vill Membere vun der russescher Communautéit ware bei enger Zeremonie um Hamilius dobäi.

"Mir mussen hei an Europa op d'Strooss goen an eis Meenung soen, well eis Frënn a Russland kënnen dat net. Mir mussen esou aktiv si wéi méiglech, fir eis selwer awer och fir all d'Russen, déi net däerfe manifestéieren", seet den Ilia Ostretsov, President vu RUHelp asbl, enger Associatioun vu Russen, déi géint de Krich an der Ukrain ass.

Mir sinn net Schold um Krich, seet de Putin-Kritiker, an awer hunn all d'Russen eng gewësse Responsabilitéit. "Mir hätte kéinte méi maachen. Mir hätten 2011 an 2014 kéinten op d'Strooss goen, no de manipuléierte Walen oder nodeems Russland d'Krim annektéiert huet. Mir hätte kéinte méi maachen an dat ass d'Responsabilitéit, déi mir all hunn. Keen ausser mir Russe selwer kënnen eppes a Russland veränneren."

D'Putin-Géigner sinn iwwerzeegt, datt den Nawalny zu enger Symbolfigur fir d'Oppositioun gëtt. Säin Asaz a säi Courage wäert ville Russe laang an Erënnerung bleiwen. Fir dass och de Rescht vun Europa hien net vergësst, wär et un der Politik, fir en Zeechen ze setzen. "Mir appelléieren un déi politesch Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg, fir eng Strooss nom Alexei Nawalny ze benennen. Am léifsten hätte mir eng Strooss an der Géigend vun der russescher Ambassade. Ech denken, dat wier e staarke Message fir jiddwereen, dee sech fir Demokratie a Fräiheet engagéiert.", esou den Ilia Ostretsov.

Fir d'russesch Walen elo Mëtt Mäerz rifft d'Oppositioun zu enger Zort Manifestatioun op. A Russland awer och an de Wal-Lokaler an den Ambassaden uechter d'Welt sollen d'Leit, déi géint de Putin sinn, um Punkt 12 Auer wiele goen. Et wëll ee weisen, datt d'Oppositioun méi grouss ass wéi geduecht.