Wéini schwätzt ee vun enger seelener Krankheet?

Den internationalen Dag vun de rare Krankheeten ass all Joer um leschten Dag am Februar.
Zil vun dësem Dag, deen et zanter 17 Joer gëtt, ass et d'Ëffentlechkeet an d'Politik fir déi rar Krankheeten an dësen hiren Impakt op d'Liewe un de betraffene Persounen ze sensibiliséieren. Eng Krankheet gëllt als rar, wa manner ewéi eng vun 2.000 Persoune vun hir betraff sinn. Zu Lëtzebuerg liewen der ALAN no ronn 30.000 Mënsche esou enger rarer Krankheet.
Donnéeë vun der Europäescher Kommissioun no liewen an der EU ronn 36 Millioune Mënsche mat esou enger seelener Krankheet. Wärend verschiddener vun hinne nëmmen eng Hand voll Mënsche betreffen, concernéieren anerer bis zu 245.000 Patienten. Am Ganze ginn et an der EU eppes iwwer 6.000 verschidde rar Krankheeten.
Ronn 80 Prozent vun de rare Krankheete si geneetesch bedéngt, 70 Prozent fänke schonn an der Kandheet vun.
"Global Chain of Lights" och zu Lëtzebuerg
Am Kader vum internationalen Dag vun de rare Krankheete gëtt och dëst Joer nees d'Aktioun "Global Chain of Lights" organiséiert. Dat ass eng weltwäit Liichterketten, bei där ëffentlech Gebaier op der ganzer Welt an de Faarwe um "Rare Disease Day" beliicht ginn.
Zu Lëtzebuerg wäerten ënner anerem d'Philharmonie, den Haaptsëtz vun der Spuerkeess, d'Héichiewen um Belval an de Waassertuerm um Ban de Gasperich beliicht ginn.