
Et gëtt nach kee Projet fir de Site vum Walfer Shopping Center, deen an enger legaler Prozedur ass. D’Walfer Gemengeresponsabel hunn eegene Wierder no bis ewell just e sommairen Avant-Projet virleien.
No enger Reunioun mam Schäfferot hätt de Proprietär vum Akafszenter matgedeelt krut, datt een net averstanen ass, fir e groussen Deel vun der Akafsfläch ze sacrifiéieren, well dëst ëmmerhin iwwer en Drëttel vun der globaler kommerzieller Surface um Terrain vu Walfer ausmécht.
2 Deeg no dëser Reunioun huet de Proprietär vum Site, de Bernard Elvinger, säi Projet och an RTL-Reportagë virgestallt: deemno soll en Deel vum Akafszenter a bis zu 60 Appartementer ëmfunktionéiert ginn.
Mat dëser Demarche ass de Schäfferot net d’accord a verweist drop, datt de Patrimoine vum Walfer Shopping Center zanter 5 Joer ënner “Gestion contrôlée” steet.
D’Gemengeresponsabel weisen op d’Potential an d’Wichtegkeet vun der Akafsfläch hin, déi de Shopping Center bitt, an déi och duerch de PAG aktéiert ass.
Deemno kann de Walfer Schäfferot keen Accord de principe gi fir d’Pläng vum Proprietär Elvinger, well duerch de Bau vun den Appartementer e Fënneftel vun der globaler Buttecksfläch fir d’Walfer Awunner géif verluer goen. Dëst wier net am Interessi vun de Bierger, och deene vu Steesel, déi op lokal Betriber an Butteker ugewise wieren, sou de Walfer Schäfferot, dee sech erstaunt seet iwwert dat, wat rapportéiert a gesot gouf.
Walfer Shoppingzenter: Aus Geschäftsfläch Appartementer maachen (14.3.24)