
Den André Heinen hat an enger Assignatioun verlaangt, dass seng Revocatioun als President vum CMCM-Conseil soll réckgängeg gemaach ginn, well se net Statute-konform war.
E Méindeg de Moien ass d’Affär op den 18. Abrëll reportéiert ginn. Mat deem Datum ginn et den Ament méi Froe wéi Äntwerten.
Déi Assignatioun goung u 15 Destinatären, ugefaange mat der CMCM als juristesch Entitéit. Parallel u 14 Persounen, dorënner déi 12 aner Membere vum Conseil, mat virop deenen aacht Memberen, déi d’Revocatioun Heinen decidéiert hunn, plus den operationellen Direkter, a virun allem de Generaldirekter, dee Vetternwirtschaft reprochéiert krut, an deem säi Remuneratiounsmodell an der Kritik ass.
D’Référésriichterin hat de Punkt CMCM e Méindeg de Moie séier evakuéiert, well den Affekot vun den aacht Leit, déi sech géint de fréiere President gestallt hunn, an der Vakanz ass. Hie gouf zwar vun enger Affekotin aus senger Etüd vertrueden, d’Affär koum awer net zur Sprooch. Se gouf op den 18. Abrëll moies verluecht. Dat ass awer genee deen Dag, op deem owes d’Assemblée vun der CMCM sollt an deem ganz komplizéierten Hick-Hack tranchéieren.
Elo riskéiert déi Assemblée am juristesche Vide ze sinn, well een net weess, wie wat nach bei der CMCM ze soen an ze decidéieren huet.
Fir den Affekot vum geschasste President, de Maître Pierre Feltgen, ass d’Saach relativ séier ze duerchkucken:
“Dat arrangéiert déi natierlech, well et ass jo am Interêt vun hinnen, dass den 18. keng Decisioun do ass.”
E puer Minutten drop koum déi jonk Affekotin, déi d’Etüd vun den 8 Contestatairë vertrueden huet mat hirem Calepin, fir den aneren Affekoten ze soen, dass den 18. Abrëll als Datum fir en nächste Rendez-vous um Référé elo awer net géif goen.
D’Affekoten hunn hir Roben nees ugedoen. Et goung zeréck bei d’Riichterin. Déi huet dunn de 25. Abrëll proposéiert. “Nee” soten all déi aner juristesch Vertrieder, well jo den 18. Abrëll déi klärend Assemblée soll sinn. Et blouf du beim Datum vum 18. Abrëll moies 9 Auer um Référé. Fir de Maître Feltgen gëtt hei kloer probéiert, op Zäit ze spillen.
“Ech ginn emol ëmmer dovun aus, dass wann d’Leit wëlles hunn dat uerdentlech ze maachen, da geet et. Awer dat schéint hei den Ament net de Fall ze sinn.”
Dobäi ass emol guer net sécher, dass de Référé kuerz virun der CMCM-Assemblée iwwerhaapt schonn eng Decisioun hëlt. Jee nodeem, wat bei der Assemblée erauskënnt, kéint d’Affär um Référé och gestrach ginn.
Een neien Ament wier zum Beispill, wann d’Assemblée ee provisoreschen Administrateur vu bausse géif decidéieren, fir d’Wull am Tirang ze raumen. An de Kulissen heescht et op alle Fall, dass d’Assemblée dat proposéiert kritt.
Parquet confirméiert: Zoustännege Ministère mécht Denonciatioun am Fall CMCM (27.3.24)