E Mëttwoch war jo bekannt ginn, datt d’Entreprise, déi Buedembeleeg produzéiert, Enn des Joers eng Produktiounslinn um Site zu Lenzweiler zoumaachen an dowéinst 126 Salariéen entloosse wëllt. D’Gewerkschafte kritiséieren déi Pläng schaarf.
Dat, well réischt am Mäerz eng Verlängerung vum Plan de Maintien dans l’emploi bis September decidéiert gi war. An och den Aarbechtsminister Georges Mischo huet sech en Donneschdeg de Moien no der Reunioun alles anescht wéi enchantéiert gewisen.
“Also d’Manéier, wéi hei virgaange ginn ass, ass fir mech als Aarbechtsminister einfach inakzeptabel. Mir hu lo hei de Moien d’Delegatioune gesinn, déi eis gesot hunn, wéi dat alles ofgelaf ass, wou virun allem de Sozialdialog ënnergruewe ginn ass. Dat ass eppes, dat mech als Minister stéiert an deen Dialog wëll ech onbedéngt rëm hierstellen. Datt mer zesumme mat den Delegatiounen awer och mat der Direktioun vun Tarkett a Gespréicher sinn an déi beschte Léisung fanne fir déi Leit, déi lo net wëssen, wéi et soll weidergoen.”
En Dënschdeg wëllt sech den Aarbechtsminister mat der Direktioun vun Tarkett gesinn. Scho virdru sinn d’Gewerkschaften an d’Personaldelegatioun op ee Gespréich invitéiert. Den Alain Rolling vum OGBL, dee bei Tarkett majoritär ass, zitt schonn am Virfeld eng kloer rout Linn.
“Mir sollen eis e Méindeg mat der Direktioun gesinn, fir iwwert ee Sozialplang ze schwätzen, wou mir awer nach wie vor net d’Accord sinn. Ech wäert der Direktioun proposéieren, datt mer eis gäre kënne gesinn, mee mir wäerten am Moment sécher net iwwert ee Sozialplang schwätzen. Mir kënne gären dialogéieren, fir aner Léisungen ze fannen, mee ech wäert net an eng Verhandlung vun engem Sozialplang trieden.”
Beim LCGB weist ee sech iwwerdeems besuergt, datt nach méi vun den am Ganze 562 Aarbechtsplazen, déi sech op déi zwee Tarkett-Sitten zu Lenzweiler a Wolz verdeelen, a Gefor kéinte sinn.
Tarkett deelt iwwerdeems schrëftlech mat, datt een zanter e puer Méint eng Rei vu Mesuren en place gesat hätt, fir d’Weiderbestoe vum Site zu Lenzweiler ze garantéieren. Zanter 2015 wier d’Demande um Marché vun de “résilients hétérogènes” an Europa réckleefeg, wouduerch et zu enger Iwwerproduktioun komm wier. Dowéinst hätt ee reagéiere mussen. Et géing ee verstoen, datt d’Zoumaache vun der Produktiounslinn zu Lenzweiler zu Onsécherheet an Emotioune féiere géing. D’Direktioun wéilt weider mat den Autoritéite kooperéieren an ee konstruktiven Dialog mat de Sozialpartner féieren. Dat, fir datt déi méiglecherweis concernéiert Employéë beschtméiglech begleet ginn.
Le 23 avril, Tarkett GDL a annoncé à sa délégation du personnel, aux salariés et aux syndicats avoir initié un projet de réorganisation industrielle à Clervaux, ayant pour conséquence la fermeture de la ligne d’enduction 4m du site d’ici fin 2024 et la suppression potentielle de 126 postes.
Tarkett GDL a mis en œuvre depuis plusieurs mois une série de mesures pour préserver la pérennité de l’emploi sur le site de Clervaux, dont le renouvellement du Plan de maintien dans l’emploi (PME) qui a été décidé le 29 février 2024 avec les partenaires sociaux.
Après avoir étudié toutes les options possibles, et avoir mené un examen approfondi de ses capacités de production sur le marché des produits résilients hétérogènes (RHE) en Europe où la demande est en baisse depuis 2015, résultant en une surcapacité de sa production, l’entreprise est récemment parvenue à la décision de réorganiser le site de Clervaux. Il ne s’agit pas d’une délocalisation de la ligne de production mais d’un rééquilibrage de notre segment RHE sur nos sites de production européens.
Dans ce contexte, la direction a convié la délégation du personnel et les syndicats OGBL et LCGB pour une première réunion de négociation qui se tiendra le 29 avril prochain. Nous comprenons que la fermeture de la ligne suscite de l’incertitude et de l’émotion. La Direction coopérera avec les autorités et reste à l’écoute des élus concernés pour travailler sur le futur du site Tarkett de Clervaux.
D’autre part, Tarkett GDL veillera à entretenir un dialogue constructif avec les partenaires sociaux afin que les employés potentiellement concernés par cette réorganisation industrielle soient accompagnés de la meilleure manière possible.