Beim Feier zu Leideleng gouf eng Persoun dout gebuergen
© Domingos Oliveira / RTL
Kuerz no 16 Auer e Sonndeg de Mëtteg hat zu Leideleng eng Scheier gebrannt. Eng Persoun gouf an deem Kader vermësst.
Wéi d'Police géint 21.45 Auer e Sonndeg den Owend matdeelt, gouf am Kader vun de Läschaarbechten d'Läich vun enger Persoun an der Scheier fonnt. De Parquet gouf informéiert an d'Police judiciaire gouf beoptraagt, de Brand ze ënnersichen.
Wéi et da weider vun der Police heescht, sinn d'Läschaarbechte Stand 21.45 Auer e Sonndeg den Owend nach ëmmer amgaangen. Dowéinst wäerten d'Stroosse ronderëm d'Rue Eich bis viraussiichtlech e Méindeg de Moie fir den Trafic gespaart bleiwen.
Wat ass passéiert?
Wéi den Yves Legil vum CGDIS Leideleng géint 18.40 Auer um RTL-Mikro erkläert huet, wier hie géint 16 Auer e Sonndeg de Mëtteg geruff ginn. Wéi hien op der Plaz ukomm ass, hätt d'Scheier scho komplett gebrannt. Et wier de Pompjeeën allerdéngs gelongen, ze verhënneren, dass d'Flamen op d'Wunnhaus, dat un der Scheier ugebaut ass, iwwergräifen. Am Ganze ware 60 Pompjeeën am Asaz.
Deen Ament war och scho gewosst, dass eng Persoun vermësst gëtt. Woubäi allerdéngs nach net kloer war, ob se sech géif an der Scheier befannen oder net.
Wéinst dem Feier huet déi zweet Etapp vum Festival Elsy Jacobs mussen ëm een Tour verkierzt ginn.





















