D'Polin huet och déi zweet Course am Sprint virum Scarlett Souren an dem Anouska Koster gewonnen.

Um Sonndeg ass déi 2. Course vum Festival Elsy Jacobs ronderëm Zéisseng gefuer ginn. D'Course gouf kuerzfristeg wéinst engem Hausbrand op der Streck ëm een Tour verkierzt an ass doduerch am Sprint vun engem gréissere Peloton entscheet ginn.

No der Victoire vum Marta Lach um Samschdeg, hat d'Polin um Sonndeg nees d'Nues vir. Am Sprint huet d'Cyclistin sech virum Scarlett Souren an dem Anouska Koster duerchgesat. D'Christine Majerus huet de Sprint fir d'Teamkolleegin Femke Gerritse ugezunn, dat sech op der 4. Plaz klasséiert huet. D'Christine Majerus ass mam Peloton iwwer d'Arrivée gefuer. D'Marie Schreiber, d'Nina Berton an d'Liv Wenzel sinn och mam éischte Grupp ukomm. D'Nina Berton huet sech op der 21. Plaz klasséiert a war domadder um Sonndeg déi bescht Lëtzebuergerin.

D'Reaktioun vum Nina Berton
D'Nina Berton war um Sonndeg déi bescht Lëtzebuergerin.

D'Gwen Nothum hat op der 65. Plaz e Retard vu 6 Minutten an 42 Sekonnen. D'Maïté an d'Layla Barthels sinn d'Course net op en Enn gefuer.

Et war eng roueg Course an där et um Kuelebierg ëmmer nees kleng Tempoverschäerfungen oder Attacke goufen, mee e gréissere Peloton ass bis ronn 20 Kilometer virun der Arrivée zesumme bliwwen. Kuerzfristeg gouf dunn entscheet, datt de Kuelebierg déi leschte Kéier net méi géing gefuer ginn an de Parcours verkierzt gëtt. Wéinst engem Hausbrand konnt de Parcours net méi sou gefuer ginn, wéi e virgesi war. Duerch d'Verkierzung ass de Peloton bis op d'Arrivée zesumme bliwwen. Do konnt sech d'Marta Laach also duerchsetzen an domadder och déi zweet Course vum Festival Elsy Jacobs fir sech entscheeden.

De Michel Zangerlé erkläert, firwat de Parcours verkierzt gouf.

D'Resultat vun der Course
1 LACH Marta CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team 2:45:43
2 SOUREN Scarlett VolkerWessels Women's Pro Cycling Team ,,
3 KOSTER Anouska Uno-X Mobility ,,
4 GERRITSE Femke Team SD Worx - Protime ,,
5 FITYUS Lucie ARA | Skip Capital ,,
6 EBRAS Elisabeth UAE Development Team ,,
7 ALZINI Martina Cofidis Women Team ,,
8 GRIFFIN Mia DAS - Hutchinson - Brother - UK ,,
9 DE ZOETE Mylène CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
10 KNIJNENBURG Anne VolkerWessels Women's Pro Cycling Team  ,,
...
21 BERTON Nina CERATIZIT-WNT Pro Cycling Team ,,
28 MAJERUS Christine Team SD Worx - Protime ,,
47 SCHREIBER Marie Team SD Worx - Protime ,,
49 WENZEL Liv Luxembourg ,,
65 NOTHUM Gwen Luxembourg +6:42