Läschaarbechte gi virun, Enquête soll genee Ëmstänn klären
Zu Leideleng ass et um Sonndeg zu engem Brand mat déidleche Suitte komm. Um 16.05 Auer goufen d'Rettungsdéngschter eng éischte Kéier alertéiert.
Op der Plaz hu si du festgestallt, datt et an enger Scheier direkt vis-à-vis vun der Kierch am Duerfzentrum gebrannt huet. D'Sich nom Proprietär vum Gebai blouf am Ufank ouni Succès, méi spéit gouf de Mann dunn dout an der Scheier fonnt.
Och wann d'Feier relativ séier ënner Kontroll war, ginn d'Läschaarbechten um Méindeg a warscheinlech um Dënschdeg virun. Et läit nach relativ vill Hee an der Scheier, dat mat Hëllef vun enger privater Firma erausgeholl an op engem Feld an der Géigend geläscht gëtt. Sou laang wéi dës Aarbechte lafen, bleift d'Strooss gespaart.
Dee ganzen Tëschefall ass e bësse speziell. D'Rettungsdéngschter waren nämlech schonn e Freideg op d'Plaz geruff ginn. Dat hat sech awer als falschen Alarm erausgestallt. Just 2 Deeg drop hat et dunn awer effektiv gebrannt an eng Persoun gouf dout opfonnt. Zu de geneeën Hannergrënn gëtt nach enquêtéiert.
D’Gemeng Leideleng réit hiren Awunner iwwerdeems, wéinst enger eventueller Emissioun vu Schuedstoffer, den Dag vum Gebai war aus Eternit an am Haff louchen Eternits-Placken, d’Fënsteren an Dieren zou ze halen, besonnesch an deenen Haiser, déi am noen Ëmkrees vun der Scheier sinn. Et soll ee sech och net méi laang wéi onbedéngt néideg dobaussen ophalen. Dës Consigne gëllt esou laang, bis et Entwarnung gëtt. En Donneschdeg soll d'Situatioun op der Plaz analyséiert ginn.























