
Dobäi hu sech dräi grouss Theemen erauskristalliséiert.
D’Inflatioun ass dee Sujet, deen de Leit am Kontext vun deene Walen am meeschte Suerge mécht: 53 Prozent vun deene Gefrote maache sech dowéinst Suergen. Dat geet aus dem Sondage vun der Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort ervir. Ma ëmmer nach 51 Prozent vun de Sondéierte maache sech och grouss Suergen ëm de Klimawandel an ëm d’Sujete Sécherheet a Verdeedegung. Dëst sinn och déi Sujeten, déi d’EU direkt misst an Ugrëff huelen. De Klimawandel ass dobäi fir 22 Prozent déi dréngendst Erausfuerderung.
Den Interessi un den Europawalen ass grouss. Iwwer 70 Prozent vum representativen Echantillon, zu deem bei dëse Walen och Net-Lëtzebuerger gehéieren, soe sech interesséiert un de Walen. Dobäi klëmmt den Interessi mam Alter: Bei de Leit iwwer 55 Joer soen iwwer 80 Prozent, si wieren un de Walen interesséiert.
Wat déi grouss Debatten an der EU ugeet, hunn d’Leit aus dem Echantillon eng gréisstendeels pro-europäesch Astellung. D’Propositioun fir eng gemeinsam Migratiounspolitik mat enger Obligatioun, fir Flüchtlingen opzehuelen, fënnt groussen Zousproch bei de Wieler. Iwwer 70 Prozent vun hinne sinn domat averstanen. D’nämmlecht vill sinn och fir d’Iddi vun enger gemeinsamer europäescher Arméi. Just nach zwee Drëttel sinn awer mat Waffeliwwerungen un d’Ukrain d’accord. A 45 Prozent sinn dofir, datt d’EU nach erweidert gëtt.
Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.050 Leit gefrot. D’Interviewe sinn tëscht vum 15. an dem 24. Abrëll iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.
Weider Detailer iwwer d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënner dësem Link oder och opAlia.lu
Politmonitor Deel 1: Kandidate-Klassement: Di Bartolomeo op éischter a Semedo op leschter Plaz