Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.050 Leit gefrot. D’Interviewe sinn tëscht vum 15. an dem 24. Abrëll iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.
De Veteran vun der LSAP Mars Di Bartolomeo gëtt mat 68 Punkten Éischten am Klassement vun de Kandidate fir d’Europawalen. Hie placéiert sech domat ee Punkt virum DP-Vertrieder Charles Goerens, deen och scho méi wéi eng Kéier mat an d’Europawale gaangen ass. Déi nei LSAP-Deputéiert Liz Braz kënnt mat 56 Punkten op déi drëtt Plaz. Si klasséiert sech domat virun hirem Partei-Kolleeg a Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel an dem CSV-Deputéierte Christophe Hansen, deen EU-Kommissär wëll ginn. Si kommen allen zwee opgeronnt op 55 Punkten, woubäi den LSAP-Europaparlamentarier awer liicht d’Nues vir huet. Deemno placéiere sech zwee LSAP-Kandidate virun hirem Spëtzekandidat Marc Angel.
Eng änlech Situatioun gëtt et bei déi Gréng. De fréiere Minister an aktuellen Deputéierte François Bausch klasséiert sech mat 53 Punkte virun der grénger Spëtzekandidatin Tilly Metz, déi grad emol op 45 Punkte kënnt.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas kënnt op déi aachte Plaz, ganz liicht virun der CSV-Europa-Deputéiert Martine Kemp, déi de Christophe Hansen zu Stroossbuerg ersat huet, wéi hie leschten Hierscht an d’Chamber gewielt gouf. Si huet ee klenge Punkt Virsprong op hir Parteikolleegin Isabel Wiseler-Lima.
De fréieren CSV-Europadeputéierten a Fokus-Spëtzekandidat Frank Engel kënnt just op déi eeleft Plaz vu 16 Kandidaten, déi am Sondage ofgefrot goufen. D’Monica Semedo, déi bei de leschten Europawalen op der DP-Lëscht war an direkt an d’Parlament gewielt gouf, ma zanterhier zweemol wéinst Mobbing vum EU-Parlament sanktionéiert gouf, kënnt mat 16 Punkten op déi leschte Plaz vun dësem Klassement.
Obwuel de Christophe Hansen deen eenzegen CSV-Kandidat ënner deene fënnef Éischten ass, hunn déi sondéiert Wieler Vertrauen a seng Partei. Ee Véierel vun de Leit traut der CSV zou, d’Probleemer an Europa ze léisen, der DP an der LSAP traue 17 respektiv 16 Prozent zou, dës Erausfuerderung am beschten ze meeschteren. Néng Prozent vertrauen op déi Gréng a fënnef Prozent op d’ADR, wärend zwee Prozent op d’Pirate setzen a jeeweils ee Prozent op déi Lénk, Fokus an “Zesummen - D’Bréck”. Déi aner Parteie bloufen ënner engem Prozent.
D’Detailer iwwer d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir hei ënnert dësem Link oder och op Alia.lu
Politmonitor Deel 2: Inflatioun, Klimawandel a Sécherheet sinn déi wichtegst Theme fir d’Europawalen